Den Templeruerden war ee vun den éischte chrëschtleche Ritteruerden, déi an der Folleg vun de Kräizzich entstane sinn. Zil vun dëser Brudderschaft war et, d'Ideale vum Adel (also zesoen: de Ritter) an de Pateren ze vereenen. Den Numm vun den Templer kënnt dohier, datt dem Uerde säin éischt Haaptquartéier an engem Fligel vum Kinnek Baudouin II. vu Jerusalem sengem Palais war. Dëse Palais soll der Legend no op de Grondmauere vum Salomoneschen Tempel opgebaut gi sinn. Aarm Ritterschaft Christi vum Salomoneschen Tempel souwéi Militia Christi waren hir éischt Nimm. Spéider goufe se wéinst der Lag vun hirem Haaptquartéier, um Tempelbierg, Tempelritter genannt.

D'Grënnung änneren

Am Joer 1099 gouf d'Stad Jerusalem am Laf vum Éischte Kräizzuch eruewert. Endlech war et de Chrëschte gelongen, d'Helleg Stad ënner hir Kontroll ze bréngen. Dëst huet a ganz Europa eng Phas ausgeléist, wou sämtlech Pilger op Jerusalem goe wollten. Net seele war d'Rees fir d'Pilgerleit duerch deen een oder anere feindleche Feil eriwwer. D'Pilgerweeër goufen an engem Stéck vu moslemesche Feinde belagert. Aus dësem Grond hunn den Hugues de Payens an néng aner fränkesch Ritter zu Jerusalem 1118 d'Militia Christi gegrënnt. Et war uganks net méi wéi eng Brudderschaft. Duerch d'Ënnerstëtzung vum Baudouin II. huet d'Militia Christi séier un Afloss gewonnen. Et huet net laang gedauert, bis datt d'Templer zu enger wichteger Institutioun op de Pilgerweeer gi sinn. Si ware souzesoen d'"Pilgerpolice".

Déi éischt Kéier gëtt den Uerden offiziell 1128 ernimmt. Am dësem Joer gëtt zu Troyes e Konzil ofgehalen, op deem d'Templergemeinschaft offiziell zu engem chrëschtlechen Uerden erhuewe gëtt. Hei ginn och d'Uerdensreegele festgeluecht. Vun 1129 u fänken d'Templer un op der Ibeerescher Hallefinsel aktiv ze ginn.

Ee vun de wichtegsten Ënnerstëtzer war de Bernard de Clairvaux, ee vun de bedeitendsten Kleriker vun där Zäit. Hien huet sämtlech europäesch Edelmänner dozou opgeruff, den Templer bäizetrieden. Duerch den Antrëtt vum Hugues de Champagne, engem Bekannte vum Bernard, koum et zu engem éischte groussen Opschwong. An enger Schrëft De laude, déi hien 1130 verëffentlecht huet, huet en d'Templer géint éischt Kritiker verdeedegt. Gläichzäiteg wollt de Bernard Europa fir en zweete Kräizzuch mobiliséieren.

1139 gëtt den Templeruerden mam Poopst Innocent II. seng Bull Omne datum optimum vun alle weltlechen Herrscher lassgesot. Lo si si just nach dem Hellege Stull ënnerstallt.

1228 krut den Uerde vum Grof Heinrech I. vu Veianen, dem Papp vum Yolanda vu Veianen, Lännereie mat enger Kierch an enger Buerg op der anerer Säit vu Veianen, zu Ruet un der Our, geschenkt. Bal 100 Joer hu si vum Ertrag vun de Lännereie rondrëm d'Schlass Ruet un der Our gelieft.

D'Templerprozesser änneren

 
Plack op der Île de la Cité (Paräis) wou de Jacques de Molay verbrannt gouf

Insignien änneren

De Baucent änneren

 
Banner vun den Templer

De Baucent (oder och Baussant) ass de Fändel vum Templeruerden. Baucent bedeit souvill wéi zweegedeelt. De Fändel war an eng schwaarz an an eng wäiss Hallschent gedeelt. Wäiss symboliséiert d'Rengheet an d'Keuschheet, Schwaarz steet fir Courage a Kraaft.

D'Kräiz änneren

 
Tatzenkräiz

D'Tatzekräiz ass d'Kräiz vum Templeruerden. Et ass e rout Kräiz, dat aus zwou gläichlaangen Dunne besteet, déi vu bannen no baussen hi méi breet ginn. Vun 1147 un huet de Poopst Eugène III., deen de 27. Abrëll beim Uerdenskapitel war, den Templer als Merci fir d'Verdeedegung vun der helleger Stad Jerusalem erlaabt, d'Tatzekräiz op hirer lénkser Schëller (a sinistra) ze droen. Haut gëtt nach dacks fälschlecherweis d'Malteserkräiz den Templer zougeschriwwen. Déi Kräizform steet an der chrëschtlecher Symbolik fir de Leidenswee vu Jesus Christus, déi rout Faarf symboliséiert d'Blutt, dat de Jesus vergoss huet.

Den Habit änneren

Den Habit vum Uerde war e wäisse Woperack mat engem grousse rouden Tatzekräiz op der Broscht. Nëmmen de ranghéijere Bridder, de Ritter selwer, war et erlaabt e wäisse Mantel mat engem méi klengen Tatzekräiz op der lénkser Schëller ze droen. De Verloscht vun dësem Mantel war eng Schan a kënnt op eng Degradatioun eraus. Den Templeruerde war den éischte chrëschtlechen Uerden, deem d'Droe vun engem Kräiz um Habit erlaabt gouf.

D'Sigel änneren

Beim Uerdenssigel handelt et sech ëm zwéi Reider, op engem Päerd. Dat soll engersäits d'Bridderlechkeet, anerersäits den Aarmut vum Uerde symboliséieren. D'Groussmeeschteren haten en eegent Sigel, dat s'als Groussmeeschter identifizéiert huet. Dorop war e kuppelfërmege Bau ze gesinn, dee méiglecherweis sollt op hiert Haaptquartéier am Tempelvéirel hiweisen.

Literatur zum Theema änneren

Wëssenschaftlech Literatur änneren

  • Alain DEMURGER, Vie et mort de l'ordre du Temple, 1118-1314, Seuil, Paräis, 1985, ISBN 2-02-020815-6.
  • Alain DEMURGER, Jacques de Molay - Le crépuscule des Templiers, Payot, Collection: Biographie Payot, 2002, ISBN 2-228-89628-4.
  • Alain DEMURGER, Les Templiers: Une chevalerie chrétienne au Moyen Age, Seuil (21. Januar 2005), Collection: Histoire, ISBN 2-02-066941-2
    • Den Alain Demurger ass Maître de conférences honoraire op der Université de Paris I Panthéon-Sorbonne.
  • Ivan GOBRY, Le procès des Templiers, Perrin, 1995.
  • René GROUSSET, Histoire des Croisades et du Royaume Franc de Jérusalem, Perrin, 1991.
  • René LACHAUD, Templiers - Chevaliers d'Orient et d'Occident, Dangles, 1997.

Belletristik änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Knights Templar – Biller, Videoen oder Audiodateien