Den New Millennium Program (NMP, lëtz. Neit-Joerdausend-Programm) ass zanter 1995 en Entwécklungsprogramm vun der NASA, am Kader vun deem Raumfaarttechnologië fir dat neit Joerdausend gepréift solle ginn. D'Missioune vum Programm dénge primär der Technologieerprouwung an nëmme sekundär der Fërderung vu wëssenschaftlechen Usiichten. Den New Millienium Program gëtt vum Jet Propulsion Laboratory organiséiert.

DRaumsond Deep Space 1 – déi éischt Missioun vum New Millennium Program (NASA)
Space Technology 5 (kënschtleresch Duerstellung)

Ufanks waren d'Missiounen an d'Gruppen Deep Space (DS) fir interplanetar Missiounen an Earth orbiting (EO) fir Missiounen am Äerdorbit ënnerdeelt. No enger Reorganisatioun vum Programm goufen all weider Missiounen als Space Technology (ST) bezeechent.

Missiounen änneren

Follgend Missioune stinn um New Millennium Program:

Gestart:

Agestallt:

  • EO-2 (SPARCLE) - Laserinstrument fir Atmosphärefuerschung - aus Budgetsgrënn 1998 agestallt.
  • ST-3 (fréier DS-3) - Duebelsatellit fir d'Teste vun interferometresche Stärobservatiounstechniken - aus Budgetsgrënn zum Labor-Experiment reduzéiert.
  • ST-4 (Champollion, fréier DS-4) - Missioun fir d'Fuerschung vu Koméiten - aus Budgetgrënn 1999 agestallt.
  • EO-3 (GIFTS) - Geostationäert Instrument fir Wiederobservatioun – gouf agestallt.
  • ST-8 – Tester vu verschiddenen Technologien (Computersystemer, Konstruktiounsstrukture fir Solarzellen, Mastelementer fir Sonnesegelen ë. a., Wäerm-Kontroll-System) - de Start op enger Pegasus-XL war fir den 28. Februar 2009 geplangt. An der Tëschenzäit agestallt.

Geplangt:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie weider NASA-Programmer:

Um Spaweck änneren

Commons: New Millennium Program – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Earth Observing-1@nasa.gov
  2. Advanced Land Imager@nasa.gov (ofgeruff den 12. Oktober 2010)