Als Penetrator gëtt eng Raumsond genannt, déi sech bei enger ongebremster Landung bis zu e puer Meter an de Buedem vun engem Himmelskierper buert fir hien z'ënnersichen. Hie hannerléisst op der Uewerfläch e Kommunikatiounsmodul. Der Begrëff ass vum laténgesche Wuertstamm penetrare (= andréngen, duerchdréngen) ofgeleet.

De Mars-96-Penetrator
De Deep-Space-2-Penetrator

Mat dëser Technik solle méi präisgënschteg Lander d'Buedembeschaafenheet vu Planéiten, Asteroiden a Koméiten ënnersichen. Technesch fuederen dës Instrumenter eng robust Bauweis, well beim Andréngen an de Buedem Vitesse vum méidausendfache vun der Äerdvitess optrieden (z. B. bei Deep Space 2: 30.000 g fir den andréngenden Deel vum Penetrator an 60.000 g fir déi op der Uewerfläch zeréckbleiwend Kommunikatiounseenheet). Bis elo ass nach kee Penetrator bei enger Weltraummissioun erfollegräich agesat ginn. Erfollegräich Tester goufen awer schonn op eiser Äerd duerchgefouert.

Mat Penetratoren ausgerëscht Raumsonden

änneren

gestart

änneren

geplangt

änneren
  • Luna-Glob – eng russesch Raumsond, mat 12 Penetratoren, fir Ënnersich vum Äerdmound. De Start ass fir 2015 geplangt.

gestrach

änneren
  • LUNAR-A – war eng japanesch Raumsond mat zwéi Penetratore fir Ënnersich vum Äerdmound, No ville Verrécklunge sollt de Start am Joer 2010 geschéien. D'Sond gouf awer 2007 gestrach.

Literatur

änneren
  • Norbert I. Kömle: Penetrometry in the solar system. Verl. der Österr. Akad. der Wissenschaften, Wien 2001, ISBN 3-7001-2968-8.
  • Günter Kargl. et al.: Penetrometry in the solar system II. Austrian Acad. of Sciences Press - ÖAW, Wien 2009, ISBN 978-3-7001-6531-6.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren