Helixniwwel
Den Helixniwwel (och mat NGC 7293 bezeechent) ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Aquarius mat enger Hellegkeet vu +6,30 mag an engem Wénkelduerchmiesser vu 16.0' × 12.0'.
Iwwerlagert Foto vum Hubble-Weltraumteleskop an dem 4-m-Teleskop vum Cerro Tololo Inter-American Observatory | |
Stärebild | Aquarius (Aqr) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 22h 29m 38.55s |
Deklinatioun | - 20° '50' 13.6" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | +7,3 mag mag |
Visuell Magnitude (B-Band) | +7,5 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 16.0/28.0 |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 650 Lj. |
Routverrécklung | (-50 ± 33) ∙ 10-6 |
Radialvitess | (-15 ± 10) |
Geschicht | |
Entdecker | Karl Ludwig Harding |
Entdeckungsdatum | 1824 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
GC | 4795 |
NGC | 7293 |
ESO | 602-PN22 |
PK | 36-57.1 |
Den Helixniwwel ass mat enger Distanz vun zirka 650 Liichtjoer den nächste planetareschen Niwwel, an domat dee mat deem am gréisste projezéierten Duerchmiesser (ongeféier hallef sou grouss wéi de projezéierte Mound). Dofir kënnen a sengem Ëmfeld och Detailer vun der Gasstruktur opgeléist ginn.
Mat dem Hubble-Weltraumteleskop war et 1996 souguer fir d'éischt Kéier méiglech, Kniet a sengem Mantel opzehuelen, déi virdrun onbekannt waren an nei Réckschlëss op d'Entstoe vum planetareschen Niwwel erlaben. Si hunn awer och nees nei Froen opgeworf. Sou ass net kloer, ob d'Kniet-Keime wärend dem Ausworf vun der Hüll entstane sinn, oder ob si vu fréieren Aktivitéite vum Stär hierstamen. Och ass ëmstridden, ob d'Kniet hydrodynamesch Strukture sinn (d. h. duerch Instabilitéite gemaach), oder ob si duerch Photoionisatioun vum Gas duerch de Wäissen Zwerg am Zentrum entstinn.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Helix Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |