Cerro Tololo Inter-American Observatory
De Cerro Tololo Inter-American Observatory ass e Komplex vun astronomeschen Teleskopen an Instrumenter um Cerro Tololo, ongeféier 80 km ëstlech vu La Serena am Chile op enger Héicht vun 2200 Meter.
Zesumme mam Kitt-Peak-Nationalobservatoire (KPNO) a mam National Solar Observatory gehéiert de Komplex zum National Optical Astronomy Observatory (NOAO) mat Sëtz Tucson an Arizona.
![]() |
![]() |
Teleskopen
ännerenDen Observatoire huet eng Rei vu Spigelteleskopen. D'Haaptinstrument op dem Cerro Tololo ass dat
- 4 m Victor M. Blanco Teleskop. Instrumenter déi fir dësen Teleskop bereetstinn, sinn:
- - 8K-Bildsensor,
- - Hydra-CTIO Spektrograph, mat deem bis zu 138 Objete gläichzäiteg ënnersicht kënne ginn,
- - an e klassesche R-C Spektrograph
Donieft gëtt et e puer kleng Teleskopen, déi sougenannt „Smarts“. Opgereit nom Duerchmiesser vum Haaptspigel sinn dës:
- 1,5 m, an dat vun der „CPAPIR“, e Wäitfeld IR Bildsensor, oder an e R-C (Cassegrain) Spektrograph ugebonne ka ginn,
- 1,3 m, mat „ANDICAM“ (Bildsensor fir gläichzäiteg Fotoen am Visuellen an Infrarouden),
- 1,0 m, mat engem 4K-Bildsensor fir visuellt Liicht an
- 0,9 m, mat engem 2K-Bildsensor fir visuellt Liicht.
Et huet och dat sougenannte Curtis-Schmidt-Teleskop mat enger Apertur vun 61 cm.[1]
Op dem 10 km wäite Cerro Pachòn steet en
- 4,1 m Southern Astrophysical Research (SOAR) telescope, an ee vun deene zwéin
- 8,1 m Gemini-Teleskopen.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Bild vum CTIO 61-cm Curtis Schmidt Archivéiert de(n) 05.09.2011. Gekuckt de(n) 02.02.2012.