Southern African Large Telescope

De Southern African Large Telescope (SALT) ass e groussen opteschen Teleskop a Südafrika. Den Observatoire steet um Karoo-Plateau an enger Héicht vun 1.760 m, no bei der Stad Sutherland.

D'Kuppelgebai vum SALT
De segmentéierten Haaptspigel vum SALT

De SALT gouf no engem präisgënschtege Konstruktiounsprinzip gebaut, bei deem den Haaptspigel deen aus 91 eenzele Segmenter besteet an en Duerchmiesser vu ronn 11 m huet, wärend der Observatioun roueg steet. Dofir verfollegt ee méi klengen „Tracker“ d'Beweegung vum Himmel. D'Liichtsammelkraaft entsprécht där vun engem konventionellen Teleskop vu ronn 9 Meter Haaptspigelduerchmiesser. En huet grad wéi den Hobby-Eberly-Teleskop, e festen Héichtewénkel a léisst sech also nëmmen am Azimut beweegen.

Um SALT si Fuerschungsinstituter aus Südafrika, Polen, den USA, Däitschland, Groussbritannien an Neiséiland bedeelegt. Am Mee 2005 gouf dat lescht Spigelsegment agesat an am September goufen éischt Himmelsfotoe publizéiert. D'offiziell Aweiung war den 10. November 2005. D'Bildqualitéit louch allerdéngs am Ufank ënner den Erwaardungen a war eréischt no Reparaturen am Joer 2010 zefriddestellend.[1],[2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Darragh E. O'Donoghue et. al.: The image quality of the Southern Africa Large Teleskcope (SALT), 2008
  2. SALT Image Quality Fixup - A fairytale end to a loooong slog!, 29. August 2010