NGC 6210

planetareschen Niwwel am Stärebild Hercules

Den NGC 6210 ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Hercules. Den NGC 6210 huet eng Wénkelausdeenung vun 0,3' × 0,2' an eng visuell Magnitude vu +9,50 mag. Säin hellen Zentralstär, e Wäissen Zwerg, liicht mat enger visueller Magnitude vun 12,9 mag. D'Distanz zu eiser Sonn gëtt mat 6.500 Liichtjoer geschat, wouraus sech aus der visueller Gréisst eng Ausdeenung vun zirka 0,5 Liichtjoer ergëtt.

NGC 6210
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Hercules (Her)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 16h 44m 29,4s
Deklinatioun +23° 47' 59,7"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 8,8 mag
Wénkelduerchmiesser 0,5' × 0,47'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 6.500
Routverrécklung (+47 ± 117) ∙ 10-6
Radialvitess (+14 ± 35) km/s
Absolutten Duerchmiesser 0,5 Lj
Geschicht
Entdecker Friedrich Georg Wilhelm Struve
Entdeckungsdatum 1825
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CS 12.9
GC 4235
h 1970
NGC 6210
PK 43+37.1
Struve 5
Lalande 30510

Den NGC 6210 gouf 1825 vum däitschen Astronom Friedrich Georg Wilhelm Struve entdeckt.

Beschreiwung

änneren

De "Waasserdeckelsmoukenniwwel" - Turtle Nebula - NGC 6210 am Hercules ass e ganz helle planetareschen Niwwel mat engem Zentralstär deen op Fotoe gutt ze gesinn ass.

Déi ofgestousse Gaswolleke liichten intensiv blozeg bis turquoise, wat duerch déi dominant Spektrallinne vum einfachen (blo) an duebelen (türkis) ioniséierte Sauerstoff verursaacht gëtt. Fotoe mat enger héijer Opléisung déi vum HST gemaach goufen, weisen datt den Zentralstär 4 Jets aus ganz waarmem Gas an dee méi alen an domat kale Gasmantel ausstéisst. Déi kucke wéi kleng "Féissercher" eng Iddi aus dem Gasmantel eraus, an den Niwwel gesäit doduerch aus wéi eng Waasserdeckelsmouk, déi schwëmmt.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren