Den NGC 3918 ass en helle planetareschen Niwwel am Stärebild Centaurus. Seng Distanz zu der Äerd ass ongeféier 4.900 Liichtjoer. Hien ass den hellste vun de südleche planetareschen Niwwelen.
Den NGC 3918 gouf am Mäerz 1834 vum John Herschel entdeckt. Et kann een den Niwwel scho mat engem klengen Teleskop um Himmel fannen. Seng liicht oval Form erstreckt sech iwwer aacht bis zéng Bouminutten.

NGC 3918
Foto, opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Centaurus (Cen)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 11h 50m 17.7s
Deklinatioun - 57° 10' 56.9"
Ausgesinn
Visuell Magnitude 8,5 mag
Wénkelduerchmiesser ×
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum Mäerz 1834
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC 3918
ESO 170-PN13
PK 294+04 1

Fluoreszenz änneren

Charakteristesch fir den NGC 3918 ass seng stralend blo Faarf. Am Zentrum vum Objet steet e wäissen Zwerg. Et ass e Rescht vun engem Roude Ris a gëtt vum Niwwel verschleiert. Dëse Kär emittéiert eng intensiv ultraviolett Stralung, déi den Niwwelgas un d'fluoreszéiere bréngt.

Dynamik änneren

Spektroskopesch Donnéeë weisen, datt sech den Objet mat ronn 17 Kilometer pro Sekonn op eis zou beweegt. Den Niwwel selwer (seng baussenzeg Gasschichten) deent sech mat enger Vitess vu 97 Kilometer pro Sekonn aus.

E Roude Risestär stéisst a senger Endphas grouss Portioune vu Gas of. Dat féiert zu der Bildung vu sou planetareschen Niwwelen. Den NGC 3918 huet eng bannenzeg Gasschuel déi hell liicht a weider baussenzeg en zweeten diffuse Gasmantel. Doduerch entsteet den Androck, wéi wann déi zwou Schichte vun zwéi separate Ausstéiss resultéiere géifen. No Studie stamen se awer vun engem an dem selwechten Ausbroch. Allerdéngs hat de roude Risestär seng verschidde Gasschichte mat zwou verschiddene Vitesse vu sech ewech geblosen.

D'Liewensdauer vu sou engem Objet ass en ettlech zéngdausend Joer. Niwwele wéi den NGC 3918 existéieren nëmme fir relativ kuerz Zäit, well si duerch déi héich Ausbreedungsvitesse vum Niwwelgas séier verblatzen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren