Carinaniwwel
De Carinaniwwel (NGC 3372), och Eta-Carinae-Niwwel, ass en Emissiounsniwwel am Stärebild Carina. Hien huet eng visuell Magnitude vu +3,00 mag an en Duerchmiesser vun 120 Bouminutten. Den Niwwel ass eng vun de gréissten HII-Regiounen vun eiser Galaxie a läit op enger Distanz vu ronn 6.500 bis 10.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Hien ass iwwer 200-300 Liichtjoer grouss.
center | |
Stärebild |
Carina (Car) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 10h 43.8m |
Deklinatioun | - 59° 52' |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 3,0 mag mag |
Wénkelduerchmiesser | 120 × 120 Bouminutten |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 6.500-10.000 |
Geschicht | |
Entdecker | Nicolas-Louis de Lacaille |
Entdeckungsdatum | 1751 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
NGC | 3372 |
Dun | 309 |
De bekanntsten Eenzelobjet am Carina-Niwwel ass de verännerleche Stär η Carinae, deen zum oppene Koup Trumpler 16 gehéiert.
Entdeckung
ännerenObschonn den Niwwel en hellen Objet um Nuetshimmel ass – en ass däitlech méi grouss an och méi hell wéi den Orionniwwel – gouf e wéinst senger extreem südlecher Lag relativ spéit dokumentéiert. Eréischt an de Jore 1751-52 huet den Nicolas-Louis de Lacaille en op enger Rees op de Kap vun der Gudder Hoffnung beschriwwen. Hien notéiert den Niwwel als Lacaille III.6.
Astronomesch Bedeitung
ännerenDen Niwwelkomplex läit am Sagittarius-Aarm vun der Mëllechstrooss. Als eng vun de gréissten HII-Regiounen vun der Galaxie stellt de Carina-Niwwel e risegt Stärgenesisgebitt duer, änlech dem Orionniwwel. Dofir huet hien divers opee Stärekéip. Dorënner de Koup Collinder 228, 232 an 234, Trumpler 14 bis 16 souwéi Bochum 10 an 11.
Déi meescht Stären am Niwwel gehéieren zu der Spektralklass O, dorënner déi éischt entdeckte Stäre vum Typ O3. Ausserdeem huet den Niwwel dräi Wolf-Rayet-Stäre vun der Klass WN.
Objeten am Carinaniwwel
änneren- Trumpler 16: en oppene Stärekoup, mat dem prominente Member η-Carinae
- Schlëssellachniwwel: en donkelt Fragment vum Carina-Niwwel, dat sech am Zentrum géint hell Regiounen am Hannergrond a Form vun engem Schlëssellach ofzeechent
- Homunkulusniwwel: e bipolare Matièreausworf vun η-Carinae a Form vun zwou géigeniwwerleiende Sphären, déi de Stär ëmginn. Den Homunkulusniwwel ass den Iwwerrescht vun engem stellaren Ausbroch, deen de Stär an de 40er Jore vum 19. Joerhonnert zum zweethellste Stär gemaach hat
- "Horse-Shoe"-Niwwel (net ze verwiessele mat dem änlech bezeechenten Omeganiwwel): En houfeisefërmege Rank aus Material, dat vun engem eelere Matièresausworf vum Eta Carinas staamt. Den Niwwel huet eng Ausdeenung vu ronn 2 Liichtjoer.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eta Carinae Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien |