NGC 2419
Den NGC 2419 och bekannt als Intergalaktesche Wanderer ass e Kugelstärekoup am Stärebild Lynx mat enger Hellegkeet vun 10,3 mag an engem Duerchmiesser vu 4'. Hie gouf den 31. Dezember 1788 vum Wilhelm Herschel entdeckt an ass op enger Distanz vu ronn 275.000 Liichtjoer vum Sonnesystem an 300.000 Liichtjoer vum galakteschen Zentrum ewech. Den NGC 2419 ass 7° nërdlech a ass liicht ëstlech vum Stär Castor am Stärebild Gemini ze fannen. Hien ass am Verglach zu méi bekannte Kugelstärekéip wéi z. B. de Messier 13 däitlech méi liichtschwaach, kann awer bei gudden Himmelsbedingunge mat 10 cm Teleskopëffnung observéiert ginn.
Foto opgeholl vum HST | |
Stärebild | Lynx (Lyn) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 7h 38m 8.51s |
Deklinatioun | + 38° 52' 54.9" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 10,3 mag |
Wénkelduerchmiesser | 4' |
Physikalesch Donnéeën | |
Absolutten Duerchmiesser | 260 |
Geschicht | |
Entdecker | Wilhelm Herschel |
Entdeckungsdatum | 31. Dezember 1788 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
HIPASS | 218 |
NGC | 2419 |
De William Herschel hat hien deemools mat sengem Teleskop nëmmen als ronne Fleck erkannt, deen dunn eréischt vum Lord Rosse 1850 mat sengem Leviathan-Teleskop an Eenzelstären opgeléist konnt ginn a vun dësem fir d'éischt als méigleche Kugelstärekoup ugesi gouf. E gouf am Joer 1922 vum Carl Otto Lampland mat enger Foto um Lowell-Observatoire als Kugelstärekoup konfirméiert. Den Harlow Shapley hat am selwechte Joer eng éischt Distanzschätzung mat 160.000 Liichtjoer opgestallt, déi de Walter Baade um Mount Wilson-Observatoire duerch Ënnersich vun RR Lyrae-Stären am Kugelstärekoup weider op 182.000 Liichtjoer vergréissert hat.
Eréischt méi spéit gouf hien trotz senger nach méi grousser tatsächlecher Distanz vun 275.000 Liichtjoer, zu der Mëllechstrooss gerechent. Hie brauch fir e Mëllechstroossenëmlaf ronn 3 Milliarde Joer. Et goufen zënterhir och d'Stärekéip C 0422−213, AM-1, Palomar 3, Palomar 4 a Palomar 14 mat weider gravitativ un d'Mëllechstrooss gebonnene Kugelstärekéip fonnt, déi nach méi wäit wéi den NGC 2419 ewech sinn.
Kuckt och
ännerenLiteratur
änneren- Michael Fritz: Der Kugelsternhaufen NGC 2419 im Sternbild Luchs. In: Sterne und Weltraum, Nr. 1/2010, S. 76.