De Palomar 3 (Pal 3) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Sextans, dee ronn 300.000 Liichtjoer vun eis ewech läit. De Kugelstärekoup ass um baussenzegen Deel vum Halo vun der Mëllechstrooss. Palomar 3 ass ee vu 15 Kugelstärekéip, déi op Fotoen aus den 1950er Jore vun der Himmelsduerchmusterung Palomar Observatory Sky Survey fonnt goufen.

Palomar 3
Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop.
Stärebild Sextans (Sex)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h 05m 31,4s
Deklinatioun + 00° 04' 17"
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 300 kLj
Geschicht
Entdecker Albert Wilson
Walter Baade
Entdeckungsdatum 1952
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CGCG 8-35
MCG +0-26-17
UGC 5439

De Palomar 3 gouf vum Albert George Wilson an dem Walter Baade am Joer 1952 entdeckt.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. George Ogden Abell: Globular Clusters and Planetary Nebulae Discovered on the National Geographic Society-Palomar Observatory Sky Survey, 1955PASP...67..258A