NGC 2023
De Reflexiouns- an Emissiounsniwwel NGC 2023 läit am Stärebild Orion. Den Niwwel ass ronn 1.500 Liichtjoer vun eis ewech an huet eng Gréisst vu 4 Liichtjoer.
Den NGC 2023 (blozeg, lénks iwwer der Bildmëtt) an der Géigend vum Päerdskappniwwel (donkel virum orangen Hannergrond, riets ënnert der Mëtt) am Bild vun der Digitized Sky Survey 2. | |
Stärebild | Orion (Ori) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 05h 41m 37,9s |
Deklinatioun | − 02° 15' 52" |
Ausgesinn | |
Wénkelduerchmiesser | 10′ × 10′ |
Geschicht | |
Entdecker | Antiquitéit |
Entdeckungsdatum | 6. Januar 1785 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
23 | |
IRAS | 05391-0217 |
NGC | 2023 |
Vun der Äerd aus gesinn ass et eng vun den hellste Quelle mat ugereegtem molekulare Waasserstoff a wéinst senger Gréisst a well en net wäit ewech ass och dee mat der gréisster visueller Ausdeenung. Den Niwwel gëtt vun engem B-Stär (HD 37903), dem hellste Member vum jonke Stärekoup zum Liichten ugereegt. Den Niwwel selwer ass en Deel vun der vill méi grousser Molekülwollek Barnard 33 respektiv Lynds 1630, déi och de Päerdskappniwwel bilt deen an där Géigend läit.