Päerdskappniwwel

(Virugeleet vu(n) Barnard 33)

De Päerdskappniwwel oder Barnard 33 ass eng Donkelwollek am Stärebild Orion ass ee vun deene bekanntsten astronomeschen Objeten.

Date vum Päerdskappniwwel
De Päerdskappniwwel, Foto vum HST
Objettyp Donkelniwwel
Stärebild Orion (Ori)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 5h 41m 00,00s
Deklinatioun -02° 27′ 30"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +11,00 mag
Wénkelduerchmiesser 90,0' × 30,0'
Physikalesch Daten
Gehéiert zum Orion-Komplex (Mëllechstrooss)
Distanz zirka 1.500 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet  
Absolutten Duerchmiesser zirka 3 Liichtjoer (?)
Radialvitess  
Katalogbezeechnungen
Katalog Barnard 33 • LDN 1630

Entdeckung änneren

De Päerdskappniwwel gouf vum US-amerikaneschen Astronom Edward Emerson Barnard Ufanks vum 20. Joerhonnert fir d'éischt katalogiséiert. No sengem Androen an de Barnard-Katalog vun den Donkelwolleken ass zanterhier säi wëssenschaftlechen Numm Barnard 33, ofgekierzt B 33.

Astronomesch Bedeitung änneren

Et handelt sech dobäi ëm eng Usammlung vu kalem Gas a Stëbs, déi, vun der Äerd aus gesinn, der Form vun engem Päerdskapp gläicht. Si läit direkt virum Emissiounsniwwel IC 434, dee roudelzeg liicht, soudatt si sech vum hellen Hannergrond ofhieft. D'Gasmasse sinn a Beweegung, soudatt den Niwwel an e puer dausend Joer säi Glach mat engem Päerdskapp verluer wäert hunn.

De Päerdskappniwwel ass ongeféier 1.500 Liichtjoer vun eis ewech. Seng gréisst Ausdeenung ass ronn 3 Liichtjoer.

Wéinst senger riseger Gréisst an der gerénger Hellegkeet ass eng visuell Observatioun och mat groussen Teleskopen zimmlech schwiereg. Een H-β-Filter kann awer hellefräich sinn.

Bei enger Ëmfro vun der NASA, watfireent Objet d'Hubble-Weltraumteleskop fotograféiere soll, war de Päerdskappniwwel de klore Gewënner.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Päerdskappniwwel – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie