Den NGC 1128 ass eng hantelfërmeg Radiogalaxie am Galaxiëkoup Abell 400. Si läit am Stärebild Cetus an ass am Zentrum vun der Radioquell 3C75. Si rifft d'Radioemmissioun duerch zwee supermassiv schwaarz Lächer an hiren Jets ervir, déi sech am Ofstand vu 25.000 Liichtjoer ëmkreesen an eventuell am Gaang si mateneneen ze verschmëlzen.[1] D'Entdeckung vum NGC 1128 gëtt dem Lewis A. Swift zougeschriwwen, obwuel se ronn 5 Bouminutte vun där Positioun ofwäicht, déi 1886 publizéiert gouf.

NGC 1128
Binär Schwaarz Lächer 3C 75 am Zentrum vun der hantelfërmeger Galaxis NGC 1128.
Stärebild Cetus (Cet)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 02h 57m 41,6s
Deklinatioun + 06° 01' 29"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz E0
Visuell Magnitude 13,8 mag
Wénkelduerchmiesser 0,9' × 0,4'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 300.000.000
Radialvitess 6940 ± 20
Geschicht
Entdecker Lewis A. Swift
Entdeckungsdatum 1886
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
NGC 1128
PGC 11188

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

  1. http://abenteuer-universum.de/stersterne/bl6.html