Natas Loves You

lëtzebuergesch-franséisch Band

Natas Loves You war eng Rockband vu Paräis mat internationale Memberen, déi 2008 zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf.

Natas Loves You
Museksgenre Indie-Rock, Retro-Rock[1]
Land Lëtzebuerg
Frankräich
Grënnung 2008
Trennung 2015
Websäit www.nataslovesyou.com
Facebook
Memberen Alain Quinn (Gesank)
Virgile Arndt (Bass, Chouergesank)
Joachim Masson (Gittar)
Joonas "Jojo" Jaatinen (Batterie)
Pierre-Hadrien "Loki" "El Brujo" Trigano (Keyboard, Chouergesank)[2]

Bandgeschicht änneren

D'Museker vun Natas Loves You hu sech am Lycée Vauban an der Stad Lëtzebuerg kennegeléiert; déi deemoleg Membere koumen aus Lëtzebuerg, Spuenien, Frankräich, Finnland an den USA.[3] Natas Loves You war d'Nofollgerband vu Glitter and Trauma, déi 2008 ënner anerem um Rock um Knuedler gespillt huet.[4] De Sänger war virdru bei den Holy National Victims. Der Grupp hir éischt EP From Natas With Love war den éischte Release um Fred Baus sengem lëtzebuergesche Label Songs for Ben. Si gouf vum Charel Stolz opgeholl.[5]

2009 sinn Natas Loves You op de lëtzebuergesche Festivaller Rock-A-Field, Mess for Masses, On Stéitsch a Sonic Visions opgetrueden. De 27. November 2009 huet d'Band am Exit07 de Release vun hirer EP From Natas With Love gefeiert, vun där et d'Single Finished Line bis op déi éischt Plaz am Eldoradio Chartbreaker an an den Top 15 an der RTL Hitmaschinn gepackt huet.[6],[7],[8]

Duerno ass Natas Loves You op Paräis geplënnert an hunn do e puer Concerte gespillt. Am Summer gouf hir zweet EP Paintings opgeholl, déi 2011 erauskomm ass. Fir d'Release-Party hu si an der ausverkaafter Maroquinerie, engem vun de gréisste Paräisser Indie-Concertssäll, gespillt. Och 2012 an 2013 si s'um Sonic Visions Festival opgetrueden

Natas Loves You stoung beim franséische Musekslabel 3ème Bureau ënner Kontrakt, op deem si am November 2013 déi digital Single Go or Linger an am Mäerz 2014 d'EP Skip Stones verëffentlecht hunn. Hiren éischten Album The 8th Continent koum am Oktober 2014 um Label Cinq7 eraus.

2014 huet d'Band de Präis music:LX an der Kategorie Rock/Pop/Electro gewonnen.[9]

De 17. Dezember 2015 hunn Natas Loves You iwwer Facebook hir Trennung bekannt ginn.

Diskografie änneren

Album änneren

  • 2014: The 8th Continent

EPen änneren

  • 2009: From Natas With Love
  • 2011: Paintings
  • 2014: Skip Stones

Singelen änneren

  • 2011: Finished Line (Radiosingle)
  • 2012: Light as Air (Radiosingle)
  • 2012: Love Don't Bring Me Down (Radiosingle)
  • 2012: Gold and Copper
  • 2013: Go or Linger
  • 2014: Got to Belong
  • 2015: Naked People

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. hunderttausend.de: Natas Loves you - Indie-Rock aus Luxemburg
  2. Quell fir déi komplett Nimm: danceyrselfclean.com
  3. whatsup.eldo.lu: Sonic Visions: Sigur Ros...
  4. disaonline.livejournal.com: Rock um Knuedler (6th July 2008)
  5. Review vun From Natas With Love op disagreement.net
  6. Info iwwer de Release op rotondes.lu (gekuckt den 8. Januar 2014)
  7. lessentiel.lu: Natas Loves You vous invite à fêter avec lui la sortie de son EP (25. November 2009)
  8. lesinrocks.com: Natas loves you
  9. Le Quotidien: Les Luxembourgeois rois de l'export (19. Dezember 2014)