Moundsond
Als Moundsond gëtt eng Raumsond bezeechent, där hiert Zil (an der Reegel) d'wëssenschaftlech Erfuerschung vum Äerdmound ass. Dobäi gëtt ënnerscheet tëscht
- Laanschtfluchsonden (virun allem Sonden an den éischte Jore vun der Raumfaart)
- Orbiter (déi op eng Moundëmlafbunn aschwenken) – Moundsatellitten
- Landesonden (kuckt och Mëll Landung)
- Moundrover (Roboter op Rieder fir sech um Mound ze deplacéieren).
Déi éischt erfollegräich Moundsonde waren déi dräi sowjetesch Luna-Missioune Luna 1–3, 1959, wouvun déi drëtt als éischt d'Moundrécksäit fotograféiert hat, an d'US-amerikanesch Pioneer 4 (1959). Déi siwe schonn 1958 gestart SU- an US-Sonden haten al versot, meeschtens duerch d'Explosioun vun der Drorakéit.
Moundsonde mat neien Techniken
ännerenRaumfaartgeschicht an Astronomiegeschicht hate virun allem geschriwwen:
- d'Sonde Ranger 7–9 (1964/65), déi virun der haarder Landung éischt Nofotoe gefunkt hunn
- Luna 9 a Luna 10/11 (1966): éischt mëll Landung resp. Moundëmkreesung
- Lunar Orbiter 1–5 (ab 1966): éischt komplett selenographesch Kartéierung
- Surveyor 1–7 (1966–68), speziell Buedemënnersich a verschiddene Moundregiounen
- e puer Kosmos-Moundsonde vun der Serie 300
- déi bemannt Moundlandunge vum Apollo-Programm (1969–1972)
- d'Moundrover Lunochod 1 (1970/71) a Lunochod 2 (1973) vun de Sonde Luna 17 an 21, souwéi
- Luna 16, 20 a 24 (1970/72/76), éischt automatesch Réckféierung vu Moundgestengs („sample return“)
- zwou US-Sonde vun der 1990er (Clementine a Lunar Prospector)
- an d'ESA-Sond SMART-1 (2003) – déi éischt mat Ionenundriff.
Mat Kaguya a Chang'e-1 waren 2007 fir hir éischt Kéier Japan a China um Mound; 2008 koum Indien mat Chandrayaan-1. Fir 2009 hat d'NASA de Lunar Reconnaissance Orbiter an de Penetrator LCROSS geplangt. Eng änlech Fuerschung huet déi russesch Luna-Glob-Missioun fir 2012 virgesinn.
Um Spaweck
änneren- Bernd Leitenberger: Unbemannte Missionen zum Mond (Deel 1)
- Bernd Leitenberger: Unbemannte Missionen zum Mond (Deel 2)