Eng Moundlandung nennt een an der Raumfaart eng kontrolléiert Äerdmoundlandung vu Fluchkierper (Lander), déi vum Mënsch gebaut goufen.

Iwwersiichtskaart vun de Moundlandungen
Buzz Aldrin - Apollo 11

Zanter den 1950er Jore koum et zu enger sougenannter Course an de Weltraum tëscht den USA an der Sowjetunioun. Den éischte Raumfluchkierper um Mound, dee vum Mënsch gebaut gi war, war déi sowjetesch Sond Luna 2. Si ass den 13. September 1959 geziilt um Mound opgeschloen. Den 3. Februar 1966 ass d'Luna 9 als éischte Fluchkierper korrekt um Äerdmound gelant.

No engem Kontaktofbroch ass d'Ranger 4 de 26. Abrëll 1962 op der Récksäit vum Mound ofgestierzt. D'Ranger 4 war den éischten amerikanesche Fluchkierper, deen um Mound opgeschloen ass. Déi éischt Mënsche si mat der Apollo 11-Missioun den 21. Juli 1969, um 3.56 Auer MEZ um Mound gelant. Et gouf an den dräi Joer duerno fënnef weider bemannt Moundlandunge vum Apollo-Programm.

Nach virun der Apollo 11 hat d'Sowjetunioun versicht, Moundsteng op d'Äerd ze bréngen. Dat ass hinnen eréischt den 20. September 1970 mat der Luna 16 gelongen. De geplangte sowjetesche bemannte Moundprogramm gouf net ëmgesat.

Mënschen um Äerdmound tëscht 1969 an 1972 änneren

Am Ganze sinn tëscht 1969 an 1972 12 Mënschen um Mound getrëppelt, an 12 anerer hunn d'Moundëmlafbunn erreecht, d'Flich vun Apollo 8 an Apollo 10 an de Joren 1968 a 1969 matgerechent. Dräi Astronaute sinn zweemol bei de Mound geflunn.

  • D'Mannschaft vun der Apollo 11 bestoung aus dem Neil Armstrong, Edwin „Buzz“ Aldrin an dem Michael Collins, woubäi de Collins am Moundorbit am Mammeschëff (dem Kommandomodul) bliwwen ass, iwwerdeems den Armstrong an den Aldrin den 21. Juli 1969 als éischt Mënschen um Mound getrëppelt sinn.

   Haaptartikel zu dësem Theema: Apollo 11 

   Haaptartikel zu dësem Theema: Apollo 12 

   Haaptartikel zu dësem Theema: Apollo 14 

   Haaptartikel zu dësem Theema: Apollo 15 

   Haaptartikel zu dësem Theema: Apollo 16 

   Haaptartikel zu dësem Theema: Apollo 17 


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren