D'Luna 1 bis Luna 3 goufen an Zesummenhank mat dem éischte Satellittenumm, Sputnik, déi dräi sowjetesch Moundsonde vun der éischter Serie bezeechent.

Heibäi ass ze beuechten, datt d'Sonden nëmmen a westleche Quellen als "Luna" bezeechent goufen. An den offizielle sowjetesche Medie goufe si sou bezeechent:

  • Luna 1 als "Kosmesch Rakéit"
  • Luna 2 als "Sowjetesch Kosmesch Rakéit 2"
  • Luna 3 als "Automatesch Interplanetar Statioun"

Luna 1 (Januar 1959) war no engem Laanschtfluch beim Äerdmound feelerhaft an e Sonnenorbit ageschwenkt. Si hat trotzdeem nëtzlech Stralungsmiesswäerter fir d'Analys vun der ierdescher Stralungsceinture geschéckt an hat d'Existenz vum Sonnewand bestätegt.

Luna 2 war déi éischt Sond, déi den 13. September 1959, als éischte kënschtleche Fluchkierper iwwerhaapt, geziilt op der Mounduewerfläch opgeschloen ass.

Luna 3 (Oktober 1959) hat fir d'éischt Kéier d'Récksäit vum Mound fotograféiert.

Déi nofollgend Moundsonde vun der zweeter Serie goufe Luna genannt.

Interessant sinn an deem Zesummenhank och e puer weider Moundmissioune vun der Sowjetunioun, déi all feelgeschloe waren:

All Nimm si fiktiv Katalogbezeechnungen. D'UdSSR hat dës Feelschléi ni zouginn. Duerch d'Oplëschtung ergëtt sech e kloert Bild vum éischte sowjetesche Moundprogramm. Nëmmen een Drëttel vun de Sonden haten tatsächlech den Äerdmound erreecht.

Virgesi ware fir d'Luna 1958-59 all Kéier Opschléi op der Mounduewerfläch wéi bei Luna 2, fir déi béid Luna-Missiounen am Joer 1960 d'Ëmkreesung wéi bei Luna 3.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren