Lëscht vun de kënschtlechen Objeten um Äerdmound

Wikimedia-Lëschtenartikel

An der Lëscht vun de kënschtlechen Objeten um Äerdmound stinn déi meescht kënschtlech Objeten, déi op der Äerdmounduewerfläch opgeschloe sinn, oder do gelant an dobliwwe sinn. (Am éischte Fall sinn d'Objeten deelweis zerstéiert.) Net opgefouert si méi kleng Objete wéi zum Beispill d'Retroreflekteren an den ALSEP. Och feele kleng Objete vun den Apollo-Astronauten, wéi d'Golfbäll, déi vum Alan Shepard wärend der Apollo 14-Missioun geschloe goufen, Fändelen oder d'Skulptur Fallen Astronaut, déi vun der Besatzung vun Apollo 15 um Mound zréckgelooss goufen.

Bléck op de Vollmound vun der Äerd

Fënnef Rakéitenuewerstufe vum Apollo-Programm sinn déi schwéierst Objeten. Wärend iwwer 180 Tonnen op de Mound bruecht goufen, sinn nëmmen 382 kg Moundgestengs vun den Apollo- a Luna-Missiounen op d'Äerd zréckbruecht ginn.

Déi eenzeg kënschtlech Objeten um Mound, déi nach benotzt ginn, sinn d'Retroreflektere fir d'LLR-Experiment aus dem Apollo-Programm.

D'Objete mat enger Positioun >90° Ost oder West sinn op der Äerdmoundrécksäit. Dat sinn: Ranger 4, Lunar Orbiter 1, Lunar Orbiter 2, Lunar Orbiter 3 an den Okina-Relaissatellit vun der Raumsond Kaguya. D'Objete sinn an der Reiefolleg vun hirem Opschlag resp. hirer Landung nummeréiert.

LëschtÄnneren

Nr. Objet Land Landung Mass (kg) Positioun Bemierkung Bild
1. Luna 2   UdSSR 1959091313. September 1959 390 29,1° N, 0° W

Palus Putredinis

War déi éischt Raumsond, déi geziilt um Mound opgeschloen hat.
2. Drëtt Rakéitestuf vun der Wostok vu Luna 2   UdSSR 1959091313. September 1959 91009.100 29,1° N, 0° W

Palus Putredinis

30 Minutten no Luna 2 och uewerhalb vum Palus Putredinis opgeschloen, tëscht de Krater Archimedes an Autolycus.
3. Ranger 4   USA

(NASA)

1962042626. Abrëll 1962 331 12,9° S, 129,1° W Ranger 4 war trotz Feelschlag déi éischt US-Raumsond, déi d'Mounduewerfläch erreecht hat.
4. Ranger 6   USA

(NASA)

196402022. Februar 1964 381 9,4° N, 21,5° O

Mare Tranquillitatis

D'Kameraen hu sech virum Opschlag net aktivéiere gelooss.
5. Ranger 7   USA

(NASA)

1964073131. Juli 1964 366 10,6° S, 20,61° W

Mare Cognitum

D'Sond hat kuerz virum Opschlag 4.300 Biller iwwerdroen.
6. Ranger 8   USA

(NASA)

1965022020. Februar 1965 367 2,64° N, 24,77° O

Mare Tranquillitatis

Ranger 8 ass op de Mound opgeschloen. D'Sond hat 7.300 Biller iwwerdroen.
7. Ranger 9   USA

(NASA)

1965032424. Mäerz 1965 367 12,79° S, 2,36° W

Krater Alphonsus

Ass opgeschloen an hat 5.800 Biller iwwerdroen, déi och live an der US-Televisioun gewise goufen.
8. Luna 5   UdSSR 1965051212. Mee 1965 14741.474 1,6° S, 25° W

Mare Nubium

D'Sond war op de Mound gestierzt, nodeem d'Buedemstatioun d'Kontroll iwwer d'Haaptdreifwierk verluer hat.
9. Luna 7   UdSSR 196510077. Oktober 1965 15041.504 9,8° N, 47,8° W

Oceanus Procellarum

Bei Luna 7 ass de Lagekontrollsystem virun der Landung ausgefall, soudatt d'Zündung vum Bremsdreifwierk net gaangen ass.
10. Luna 8   UdSSR 196512066. Dezember 1965 15501.550 9,6° N, 62° W

Oceanus Procellarum

D'Sond ass néng Sekonnen nom Zünde vum Bremsdreifwierk a Rotatioun komm an ass haart um Mound opgeschloen.
11. Luna 9   UdSSR 196602033. Februar 1966 15801.580 7,13° N, 64,37° W

Oceanus Procellarum

Déi éischt mëll Landung um Mound an der Geschicht vun der Raumfaart.
12. Luna 10   UdSSR 1966053030. Mee 1966 16001.600 onbekannt Ass um Mound opgeschloen
13. Surveyor 1   USA

(NASA)

196606022. Juni 1966 270 2,45° S, 43,22° W

Oceanus Procellarum

Surveyor 1 war déi éischt mëll Landung vun enger US-amerikanescher Sond um Mound. D'Sond hat ronn 6 Woche geschafft an hat 11.200 Biller iwwerdroen.
14. Surveyor 2   USA

(NASA)

1966092222. September 1966 292 4,0° S, 11,0° W

Mare Insularum

D'Sond war haart opgeschloen a gouf dobäi zerstéiert.
15. Lunar Orbiter 1   USA

(NASA)

1966102929. Oktober 1966 386 6,35° N, 160,72° O Vum 26. Moundëmlaf un, den 18. August, hat si ugefaange mat fotograféieren an hat virum Ofstuerz 229 Biller iwwerdroen.
16. Luna 11   UdSSR 1966103131. Oktober 1966 16401.640 unbekannt War en Orbiter vun der verbesserter Serie E-6LF a gouf de 24. August 1966 gestart.
17. Luna 13   UdSSR 1966122424. Dezember 1966 17001.700 18,87° N, 63,05° W

Oceanus Procellarum

Eng instrumentiell verbessert Versioun vu Luna 9.
18. Luna 12   UdSSR 1967011919. Januar 1967 16701.670 onbekannt D'Widderhuelung vun der Missioun mat Luna 11, gestart den 22. Oktober 1966, war erfollegräich.
19. Surveyor 3   USA

(NASA)

1967042020. Abrëll 1967 281 2,99° S, 23,34° W

Oceanus Procellarum

Deeler vun der Sond goufe vun den Apollo 12-Astronauten demontéiert an op d'Äerd zréckbruecht.
20. Surveyor 4   USA

(NASA)

1967071717. Juli 1967 283 0,45° N, 1,39° W

Sinus Medii

Ass de 14. Juli 1967 gestart, eng Landung war awer net gelongen. D'Sond ass 3 Deeg méi spéit haart ogeschloen.
21. Surveyor 5   USA

(NASA)

1967091111. September 1967 281 1,42° N, 23,2° O

Mare Tranquillitatis

Hat bis de 17. Dezember 1967 19.000 Biller, Daten an eng analyséiert Buedemprouf iwwerdroen.
22. Lunar Orbiter 3   USA

(NASA)

1967101010. Oktober 1967 386 14,6° N, 97,7° W Wéinst en etleche Feelfunktioune gëllt de Lunar Orbiter 3 als net erfollegräich.
23. Lunar Orbiter 2   USA

(NASA)

1967101111. Oktober 1967 385 2,9° N, 119,1° O Hat bis zu sengem Opschlag 817 Biller iwwerdroen.
24. Lunar Orbiter 4   USA

(NASA)

1967103131. Oktober 1967 386 zw. 22° u. 30° W D'Sond hat 546 Biller geknipst. Doduerch gouf déi viischt Moundsäit bal vollstänneg an d'Récksäit zu ronn 3/4 erfaasst.
25. Surveyor 6   USA

(NASA)

1967111010. November 1967 282 0,53° N, 1,4° W

Sinus Medii

D'Sond hat 15.000 Biller a vill Daten iwwermëttelt. De 17. November 1967 gouf d'Dreifwierk vun der Sond nees gestart an d'Sond war dann 2,5 m méi wäit gelant.
26. Surveyor 7   USA

(NASA)

1968011010. Januar 1968 290 40,86° S, 11,47° W

Krater Tycho

D'Sond hat bis zum 21. Februar 1968 21.000 Biller geknipst.
27. Lunar Orbiter 5   USA

(NASA)

1968013131. Januar 1968 386 2,8° S, 83,1° W 844 Biller goufen iwwerdroen, ënner anerem och vun der Moundrécksäit.
28. Luna 14   UdSSR 1968 16701.670 onbekannt Mat der Sond gouf ënner anerem e Kommunikatiounssystem fir e bemannte sowjetesche Mondprogramm getest souwéi weider wëssenschaftlech Experimenter duerchgefouert.
29. Apollo 10 LEM   USA

(NASA)

1969052222. Mee 1969 22112.211 onbekannt Nom Erreeche vun der Moundëmlafbunn goufen all d'Manöveren duerchgefouert, wéi se fir déi reell Landung vun Apollo 11 geplangt waren.
30. Apollo 11 LEM   USA

(NASA)

1969072020. Juli 1969 20342.034 0° 40' 26.69" N,
23° 28' 22.69" O[1]

Mare Tranquillitatis

Déi éischt bemannt Landung um Mound. Éischten Transport vu Moundgestengs op d'Äerd.
31. Luna 15   UdSSR 1969072121. Juli 1969 27182.718 17° N, 60° O

Mare Crisium

Déi éischt Sond vun der Serie E-8-5 hätt solle virun den Amerikaner Moundgestengs op d'Äerd zréckbréngen.
32. Apollo 11 LEM   USA

(NASA)

1969072121. Juli 1969 21842.184 onbekannt D'Fär hat an eng Moundëmlafbunn geschwenkt an duerno nees un d'Kommandokapsel ugekoppelt. No der Trennung ass den LEM op der Mounduewerfläch opgeschloen.
33. Apollo 12 LEM (Intrepid)   USA

(NASA)

1969111919. November 1969 22112.211 2,99° S, 23,34° W[2]

Oceanus Procellarum

Zweet bemannt Moundlandung. D'Landeplaz war sou erausgesicht, datt Experimentresultater vum Surveyor 3 opgeholl konnte ginn.
34. Apollo 12 LEM (Intrepid)   USA

(NASA)

1969112020. November 1969 21642.164 3,94° S, 21,2° W

Mare Insularum

Intrepid ass mat 1,5 km/s Vitess ronn 72 km vum Seismometer opgeschloen. D'Date vum Moundbiewe goufe vum ALSEP direkt op d'Äerd weider gefunkt.
35. Apollo 13 S-IVB (S-IVB-508)   USA

(NASA)

1970041414. Abrëll 1970 1345413.454 2,75° S, 27,86° W

Oceanus Procellarum

Den Aschlag war wéi eng Sprengwierkung vu gutt 10 t TNT. No ronn 30 Sekonnen hat dee vun Apollo 12 opgestallte Seismometer den Aschlag registréiert.
36. Luna 16   UdSSR 1970092020. September 1970 5727< 5.727 0,68° S, 56,3° O

Mare Fecunditatis

War déi éischt sowjetesch Missioun, déi Moundgestengs mat op d'Äerd bruecht hat.
37. Luna 17   UdSSR 1970111717. November 1970 48444.844 38,28° N, 35,0° W

Mare Imbrium

Hat Lunochod 1 ofgesat, den éischte ferngesteierte Rover op engem aneren Himmelskierper.
38. Lunochod 1   UdSSR 1970111717. November 1970 756 38,32507°N, 36,9949°W De Rover leet 10.540 m zréck, iwwerdréit méi wéi 20.000 Biller, iwwer 200 Panoramaen an hat iwwer 500 Buedemprouwen ënnersicht.
39. Apollo 14 S-IVB (S-IVB-509)   USA

(NASA)

197102044. Februar 1971 1401614.016 8,09° S, 26,02° W[3]

Mare Cognitum

Opschlag fir e seismescht Experiment.
40. Apollo 14 LEM (Antares)   USA

(NASA)

197102055. Februar 1971 21442.144 3° 38' 43,08" S,
17° 28' 16,90" W[4]

Fra-Mauro

Drëtt bemannt Moundlandung, als Zil war d'Fra-Mauro-Héichland uviséiert, dat eigentlech vun Apollo 13 besicht sollte ginn.
41. Apollo 14 LEM (Antares)   USA

(NASA)

197102077. Februar 1971 21322.132 3,42° S, 19,67° W

Oceanus Procellarum

De Shepard ass éischte Golfspiller um Mound.
42. Apollo 15 S-IVB (S-IVB-510)   USA

(NASA)

1971072929. Juli 1971 1403614.036 1,51° S, 17,48° W

Fra Mauro

Opschlag op der Mounduewerfläch fir e seismescht Experiment.
43. Apollo 15 LEM (Falcon)   USA

(NASA)

1971073131. Juli 1971 28092.809 26° 7' 55,99" N,
3° 38' 1,90" O[5]

Hadley-Rill

Véiert bemannt Moundlandung.
44. Apollo 15 Lunar Roving Vehicle   USA

(NASA)

197108022. August 1971 462 26,08° N, 3,66° O

Hadley-Rill

Éischte Moundauto. Wéi d'Crew de Moundauto montéiert hat, huet de Scott misste feststellen, datt d'Steierung defekt war.
45. Apollo 15 LEM (Falcon)   USA

(NASA)

197108033.August 1971 21322.132 26,36° N, 0,25° O

Palus Putredinis

Opschlag op der Mounduewerfläch.
46. Luna 18   UdSSR 1971091111. September 1971 56005.600 3,57° N, 56,5° O

Mare Fecunditatis

Huet bei der Landung keen Toun méi vu sech ginn an ass ëmgekippt oder beschiedegt ginn.
47. Luna 20   UdSSR 1972022121. Februar 1972 5727< 5.727 3,53° N, 56,55° O

Apollonius-Héichland

Ass ongeféier 1800 m vu Luna 18 ewech gelant an hëlt 55 g Buedemprouwen, well de Buerer nëmme 15 cm déif andrénge konnt.
48. Apollo 16 LEM (Orion)   USA

(NASA)

1972042020. Abrëll 1972 27652.765 8° 58' 22,84" S,
15° 30' 0,68" O[6]

Descartes-Héichplateau

Fënneft bemannt Landung um Mound. Zil war d'Cayley-Héichland, an der Géigend vum Descartes-Krater.
49. Apollo 16 Lunar Roving Vehicle   USA

(NASA)

1972042424. Abtëll 1972 462 8,97° S, 15,51° O

Descartes-Héichplateau

Zweete Moundauto, hat 26,6 Kilometer zréckgeluecht.
50. Apollo 16 LEM (Orion)   USA

(NASA)

1972042424. Abrëll 1972 21382.138 onbekannt Opschlag op der Mounduewerfläch.
51. Apollo 16 S-IVB (S-IVB-511)   USA

(NASA)

1972042929. Abrëll 1972 1400214.002 1,3° N, 23,9° W

Mare Insularum

Opschlag op der Mounduewerfläch fir e seismescht Experiment.
52. Apollo 16 Subsatellit   USA

(NASA)

1972052929. Mee 1972 42 onbekannt
53. Explorer 49 (RAE-B)   USA

(NASA)

1972052929. Mee 1972 328 onbekannt Gouf op eng Moundëmlafbunn bruecht an hat Ënnersich vu Radiostralung an engem Frequenzberäich vu 25 kHz bis 13,1 MHz gemaach.
54. Luna 19   UdSSR 1972093030. September 1972 56005.600 onbekannt Et war e Moundorbiter. En hat e Lunochod ouni Rieder an e Moundorbit bruecht an dee mat weideren Experimenter ausgerëscht.
55. Apollo 17 S-IVB (S-IVB-512)   USA

(NASA)

1972121010. Dezember 1972 1396013.960 4,21° S, 22,31° W Opschlag op der Mounduewerfläch fir e seismescht Experiment.
56. Apollo 17 LEM Abstiegsstufe (Challenger)   USA

(NASA)

1972121111. Dezember 1972 27982.798 20° 11' 26,88" N,
30° 46' 18,05" O[7]

Taurus-Littrow

Sechst a bis elo lescht bemannt Moundlandung.
57. Apollo 17 Lunar Roving Vehicle   USA

(NASA)

1972121414. Dezember 1972 462 20,17° N, 30,77° W

Taurus-Littrow

Drëtte Moundauto, am Géigesaz zu fréieren Asätz keng Defekter an der Steierung.
58. Apollo 17 LEM (Challenger)   USA

(NASA)

1972121515. Dezember 1972 21502.150 19,96° N, 30,50° O

Taurus-Littrow

Opschlag um Mound.
59. Luna 21   UdSSR 1973011515. Januar 1973 47274.727 25,85° N, 30,45° O

Krater Le Monnier

War de Lander vu Lunochod 2
60. Lunochod 2   UdSSR 1973011515. Januar 1973 840 25,47° N, 30,54° O

Krater Le Monnier

Obschonn déi Missioun nëmme fënnef Méint gedauert hat, hat de Rover iwwer 37 km zréckgeluecht.
61. Apollo 15 Subsatellit   USA

(NASA)

1973012222. Januar 1973 36 onbekannt
62. Explorer 35 (IMP-E)   USA

(NASA)

1973062424. Juni 1973 104 onbekannt Satellit fir d'Erfuersche vum Magnéitfeld am Moundorbit.
63. Luna 23   UdSSR 197411066. November 1974 56005.600 13° N, 62° O Bei der Landung war de Buer beschiedegt ginn, soudatt keng Buedemprouwe konnte gemaach ginn.
64. Luna 22   UdSSR 197511022. November 1975 40004.000 onbekannt Hat bis den 2. September 1975 am Moundorbit geschafft.
65. Luna 24   UdSSR 1976081818. August 1976 5800< 5.800 12,75° N, 62,2° O

Mare Crisium

Déi lescht Luna-Sond, si hat 170 g Moundgesteng op d'Äerd bruecht.
66. Hiten Orbiter (Hagoromo)   Japan

(ISAS)

1990031919. Mäerz 1990 12 onbekannt Duechtersond vun Hiten.
67. Hiten   Japan

(ISAS)

1993041010. Abrëll 1993 143 34,3° S, 55,6° O Et hat sech hei ëm en Technologieexperiment gehandelt. D'wëssenschaftlech Missioun vun der Sond hat sech beschränkt op d'Miessung vum kosmesche Stëbs tëscht Äerd a Mound mëttels dem Munich Dust Counter. [1]
68. Lunar Prospector   USA

(NASA)

1999073131. Juli 1999 126 87,7° S, 42,1° O Den Orbiter war mat sechs wëssenschaftlechen Experimenter ausgerëscht.
69. SMART-1   ESA 200609033. September 2006 307 34,24° S, 46,12° W

Lacus Excellentiae

En Haaptzil vun der Missioun war et, en neiaartegen, solarelektresch bedriwwene Ionenundriff an nei Navigatiouns- a Kommunikatiounstechniken ze testen.
70. Chandrayaan-1 Moon Impact Probe   Indien

(ISRO)

2008111414. November 2008 29[8] 89,9° S, 0,0° O

Shackleton-Krater

Op der MIP war e Massespektrometer, eng Videokamera an e Radar-Héichtemiesser agebaut ginn.
71. Kaguya Subsatellit (OKINA)   Japan

(JAXA)

2009021212. Februar 2009 53 28,2° N, 159,0° W

no beim Mineur Krater

De Relaissatellit gouf fir d'Weiderleede vum Signal tëscht dem Orbiter an der Äerd gebraucht.
72. Chang'e-1   China

(CNSA)

200903011. Mäerz 2009 23502.350 1,5° S, 52,36° O

Mare Fecunditatis

Et sollten Technologie fir zukënfteg Missioune getest souwéi d'Beschafenheet vun der Mounduewerfläch an dem Gestengs studéiert ginn.
73. Kaguya   Japan

(JAXA)

2009061010. Juni 2009 17201.720 80,4° O, 65,5° S

Krater Gill

Hat déi éischt HDTV-Biller vum Mound gemaach, eng erfollegräich Missioun.
74. Centaur-Uewerstuf   USA

(NASA)

200910099. Oktober 2009
11:31 UTC
19301.930 84.675° S, 48.725° W

Cabeus

D'Centaur-Uewerstuf war mat enger Vitess vun 2,5 km/s ongebremst an engem Wénkel vu ronn 70° op de Mound gestierzt.  
75. LCROSS   USA

(NASA)

200910099. Oktober 2009
11:35 UTC
585585 84.729° S, 49.36° W

Cabeus

Opschlag ongeféier véier Minutten no der Centaur-Uewerstuf, konnt beim Duerchfléie vun der Wollek wëssenschaftlech Daten iwwer hir Zesummesetzung gewannen an an Echtzäit op d'Äerd funken.  
76. GRAIL A („Ebb“)   USA

(NASA)

2009100917. Dezember 2012
22:28:51 UTC
585133 75.620° N, 26.630° W

Moundnordpolregioun, tëscht Philolaus a Mouchez

D'Raumsond war zum plangméissege Missiounsenn mat engem onbenannte Bierg kollidéiert. D'Plaz vum Aschlag gouf vun der NASA no der verstuerwener Astronautin Sally Ride genannt.  
77. GRAIL B ("Flow")   USA

(NASA)

2009100917. Dezember 2012
22:29:21 UTC
585133 75.620° N, 26.630° W

Moundnordpolregioun, tëscht Philolaus a Mouchez

D'Raumsond war zum plangméissege Missiounsenn mat engem onbenannte Bierg kollidéiert. D'Plaz vum Aschlag gouf vun der NASA no der verstuerwener Astronautin Sally Ride genannt.  
78. Chang’e-3   China

(CNSA)

2013121414. Dezember 2013
13:11:18 UTC
0012001.200 44,12° N, 19,51° W7

Mare Imbrium

De Lander Chang’e-3 hat de Rover Yutu u Bord. Den éischte Rover um Mound zanter Lunochod 2 am Joer 1976. De Rover ass 120 kg schwéier.
Total Mass (kg): 190.285

BillergalerieÄnneren

QuellenÄnneren

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

ReferenzenÄnneren

  1. http://www.google.com/moon/#lat=0.655754&lon=23.471664&zoom=18&apollo=a11
  2. http://www.google.com/moon/#lat=-3.009785&lon=-23.424206&zoom=15&apollo=a12
  3. http://www.nasa.gov/mission_pages/LRO/multimedia/lroimages/lroc_20090929_apollo14sivb.html
  4. http://www.google.com/moon/#lat=-3.594285&lon=-17.486782&zoom=14&apollo=a14
  5. http://www.google.com/moon/#lat=26.036942&lon=3.633596&zoom=11&apollo=a15
  6. http://www.google.com/moon/#lat=-8.959269&lon=15.471300&zoom=11&apollo=a16
  7. http://www.google.com/moon/#lat=20.183683&lon=30.727787&zoom=11&apollo=a17
  8. Gunter's Space Page: Chandrayaan 1