Landung an der Raumfaart

Sojus bei der Landung
Penetrator von Deep Space 2
Loftsäck fir déi mëll Landung vun engem Marsrover

Landung an der Raumfaart änneren

An der Raumfaart ënnerscheet een tëscht „haarder“ a „mëller“ Landung.

Haart Landung änneren

Als haart Landung bezeechent een den ongebremsten Opschlag vun engem Fluchkierper (Mound- oder Planéitesond) op der fester Uewerfläch vun engem Himmelskierper. An der Reegel gëtt de Fluchkierper dobäi zerstéiert a kann nëmme wärend der Zäit wou en am Gaang ass erofzefalen, Date liwweren. Penetratoren, déi och eng haart Landung mat nofollgendem Andréngen an den Himmelskierper funktiounsfäeg iwwerstinn, sinn an Entwécklung, éischt Tester waren nach net erfollegräich.

Bei den éischte Moundsonde vun den USA an der UdSSR (1958 bis ongeféier 1960) war méi dacks eng haart Landung um Äerdtrabant geplangt, mä heiansdo koum et dann awer zu engem Laanschtfluch. D'Genauegkeet vun de Rakéitestarten (Endvitesse a Richtung vun der ieweschter Rakéitestuf) war deemools eréischt e puer Promille a war fir d'Treffe mam Mound, op der gekrëmmter Bunn, net staark genuch.

D'Zil vun haarde Moundlandungen – deenen hire Géigendeel „mëll Landung“ genannt gouf – war ënner anerem:

Mëll Landung änneren

Bei der mëller Landung gëtt d'Sond oder hiert speziellt Landeinstrument virum Opschlag ofgebremst resp. beim Opschlag selwer (z. B. duerch eng opbloosbar Verpackung) geschützt. Fir ofzebremse gi Bremsrakéiten oder bei disponibler Atmosphär Fallschiermer gebraucht. De Fluchkierper bleift intakt a kann op der Uewerfläch vum Himmelskierper Aufgaben erfëllen. Dofir ass déi mëll Landung déi favoriséiert Variant. Op der Venus gouf bei Landere wéinst der dichter Atmosphär dacks de Fallschierm schonn a grousser Héicht ofgeworf an de Lander ass nëmmen duerch de Loftwiderstand gebremst mat ongeféier 30 km/h op d'Uewerfläch opgeschloen.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Marcus Tuner: Auf der Suche nach dem Landeplatz. Franckh, Stuttgart 1967.
  • Rainer Maria Wallisfurth: Russlands Weg zum Mond. Econ, Düsseldorf 1964.

Um Spaweck änneren