Mneme (Mound)

Jupitermound


De Mneme (oder Jupiter XL) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.

Mneme
(Jupiter XL)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 21
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 21.069.000 km
Periapsis 16.286.000 km
Apoapsis 25.852.000 km
Exzentrizitéit 0,227
Ëmlafzäit 620,0 Deeg
Ëmlafvitess 2,44 km/s
Inklinatioun 148,6°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 2 km
Dicht 2,6 (?) g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,3
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 6. Februar 2003

Entdeckung änneren

De Mneme gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mneme ass no der Muse Mneme genannt.

Bunndaten änneren

De Mneme kreest a 620 Deeg an 58 Minutten an op enger mëttlerer Distanz vun 21.069.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2273. Mat enger Schréi vun 148,6° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mneme der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, zougedeelt.

Physikalesch Daten änneren

De Mneme huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,3mag.

Um Spaweck änneren