Mir wëlle bleiwe wat mir sinn


Mir wëlle bleiwe wat mir sinn ass e Vers aus dem Feierwon vum Michel Lentz, engem patriotesche Lidd aus dem Joer 1859 dat eng Hommage un déi éischt transnational Eisebunn zu Lëtzebuerg ass.[1] Am leschte Refrain heescht et:

De Sproch (an aler Schreifweis) op enger Fassad um Fëschmaart an der Stad Lëtzebuerg, ...
... an um Escher Stadhaus.
Kommt hier aus Frankreich, Belgie, Preisen,
Mir können iech ons Hemecht weisen,
Frot dir no alle Seiten hin,
Mir welle bleiwe wat mer sin.[2]

Spéider gouf en alt als Referenz op d'Ambitioun vum Lëtzebuerger Vollek, eng separat an onofhängeg Entitéit ze bleiwen, besonnesch vun de méi staarken a méi groussen Nopeschlänner Frankräich, Däitschland an der Belsch, mä och vun Holland, ugesinn.[3]

An der Ëffentlechkeet ass de Vers, a jeeweils liicht anere Schreifweisen, ë. a. um Dicks-Lentz-Monument um Square Jan-Palach , um Escher Stadhaus (Mir wölle bleiwe wat mer sin, 1935-37 gebaut) an op engem Tiermchen um Fëschmaart (Mir wölle bleiwe wat mir sin, an der Tëschekrichszäit do ubruecht) ze gesinn.

A ville Medien an inoffizielle Publikatioune gëtt de Sproch als national Devise vum Groussherzogtum Lëtzebuerg presentéiert.[4],[5],[6],[7],[8],[9],[10] Anerersäits gëtt de Sproch och geleeëntlech benotzt, fir gesellschaftskritesch Ausssoen z'ënnerleeën. Sou huet z. B. de Serge Tonnar e Lidd mat deem Titel erausbruecht (um Album Klasseklon, 2011), an deem en eng selbstgefälleg, saturéiert Mentalitéit vu bestëmmte Leit kritséiert.[11]

Referenzen änneren

  1. Den Originaltitel ass: D'Letzeburger. Ereneronk un de 4. October 1859.
  2. Schreifweis vun 1929 in: Das Luxemburgische und sein Schrifttum vum Nik Welter, 9. Oplo vun 1929, Säit 74.
  3. Ons Stad 56/1997: "De Feierwon" in Seidenglanz und Gloria: Der Luxemburger im Spiegel alter Lokomotiv-Fotografien vum Jean-Paul Hoffmann
  4. TAZ (online): "Leben im Grenzstaat: Luxemburger Kakofonie" (17. August 2013)
  5. Bunkers, Susanna L. (1996), "In Search of Susanna", University of Iowa Press, Iowa City, p. 13
  6. Huffington Post (online): "Luxembourg's Discreet Charms" (15. Oktober 2012)
  7. "Lonely Planet: Western Europe" (2009), Touristeguide, p. 839
  8. BBC (online): Luxembourg's hopping heritage (3. September 2013
  9. Eccardt, Thomas M. (2005), "Secrets of the Seven Smallest States of Europe", Hippocrene Books, New York, p. 205
  10. Reid. Andrew (2005), "Luxembourg: The Clog-Shaped Duchy", p. 170
  11. D'Lidd op youtube.com.