BIP Investment Partners

BIP Investment Partners s.a. (BIP) ass eng Lëtzebuerger Investment-Gesellschaft déi op der Bourse cotéiert ass. Si ass den 23. Februar 2006 aus der Ëmbenennung vun der BGL Investment Partners ervirgaangen.

D'BGL Investment Partners gouf op Initiativ vun der Banque générale du Luxembourg (BGL) an enger Rei traditionellen Aktionäre vun der Bank, dorënner d'Nokomme vun de BGL-Grënner Alphonse Weicker a Léandre Lacroix, am Abrëll 2000 gegrënnt. D'BGL war deemools vu sengem Haaptaktionär, dem Grupp Fortis, komplett opkaaft ginn. D'BIP gouf als Reaktioun op de Verloscht vun der BGL hirer Onofhängegkeet gegrënnt. Op där enger Säit goung et drëm fir en onofhängegen a Lëtzebuerger institutionnellen Aktionär ze schafen. Op der anerer Säit ass et och drëm gaangen, eng Lëtzebuerger Kontroll iwwer verschidde Participatioune vun der BGL ze halen.

De Verwaltungsrot gouf vun 2000 bis 2012 vum Alain Georges presidéiert, dem deemolege President vum Direktiounskommittee vun der BGL. Am Mee 2012 gouf de Michel Wurth President. Den éischten Direkter war den André Birget. 2003 koum de Marc Faber dobäi, deen zanter 2005 eleng Direkter war. Am Oktober 2011 gouf de Bruno Lambert Direkter genannt.[1]

Nodeem d'Société anonyme de 17. Abrëll 2000 gegrënnt gi war, an d'BGL eng Rei Participatiounen an déi nei Gesellschaft abruecht hat, koum et zu enger Kapitalerhéijung duerch eng "Souscription publique". 2,25 Milliounen Aktië goufen zu engem Präis vu 75 Euro ugebueden. Wéi d'BIP de 6. Juni 2000 fir d'éischt op der Lëtzebuerger Bourse cotéiert gouf, hat s'e Kapital vu méi wéi 350 Milliounen Euro. D'Kapital gouf zu 39,6 Prozent vun der BGL gehalen. Déi aner Aktië si breet verstreet, och wann d'BIP vun Ufank un nach eng Rei méi deck Aktionären hat.

Am Portefeuille vun der BIP ware virun allem Aktië vu Fortis (22 % vun den Aktiva), SES (16 %), RTL Group (12 %), Cargolux (6 %), Arbed (3 %) a Cegedel (1 %). D'BIP hat zu deem Moment awer och bal 150 Milliounen Euro Boergeld fir nei Investissementer. Déi goufen zum Deel a Fongen an och direkt an Entreprisen investéiert.

Enn 2006 war d'BIP Investment Partners Aktionär vun ArcelorMittal, Arcelor Brasil, CVRD, EVS, Fortis, Option, RTL Group, SES an och Cargolux, Vox Mobile, Artelis, XDC, IEE, IP Casting, 21 Net an Technolia. D'BIP hat och nach iwwer 30 Milliounen Euro a verschidde Private Equity Fongen investéiert.

De Bourse-Cours vun der BIP hat seng Héichten a seng Déiften. Schonn am Hierscht 2000 ass de Cours op der Bourse ënner 75 Euro gefall. Am März 2003 louch de Cours ënner 25 Euro. Enn 2006 louch de Cours nees bei 80,50 Euro.

Am Februar 2006 gouf d'BGL Investment Partners a BIP Investment Partners ëmbenannt. Virdrun hat d'BGL sech schonn a Fortis Banque Luxembourg ëmbenannt. Den Numm BGL huet also net méi bestanen. Dobäi koum, datt der BGL hir Participatioun an der BIP méi kleng gi war an Ufank 2006 just nach bei 26 Prozent louch. Well d'Ofkierzung BIP vill gebraucht gouf, gouf de BGL am Numm einfach duerch BIP ersat.

D'Aktionariat vun der BIP huet zanter 2000 évoluéiert. D'Fortis Banque Luxembourg ass vu 40 op 26 Prozent zeréckgaangen. Deen eenzegen anere bekannten Aktionär ass d'Compagnie Financière La Luxembourgeoise mat 10 Prozent. Wann een de Verwaltungsrot kuckt, kann een awer och dovun ausgoen datt d'Famillje Meyer (Heintz Van Landewyck) a Giorgetti (Félix Giorgetti) an d'BIP investéiert hunn.

Am Abrëll 2011, hält d'BGL BNP Paribas, d'Nofollgerin vun der Fortis Banque Luxembourg, nëmmen nach 10 % vum Kapital, d'Compagnie Financière La Luxembourgeoise der 15 %.[2],[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. BIP Investment Partners, Rapport annuel 2011, Februar 2011
  2. who we are Archivéiert op 2012-02-14. Gekuckt de(n) 2011-04-21.
  3. 2008 Année difficile pour BIP Investment Partners (10. Februar 2009)