De Meridiani Planum oder Terra Meridiani (d'Fläch an der Mëtt) ass eng grouss Héichfläch (Planum) um Planéit Mars.

Héichfläch um Planéit Mars
Foto vum Meridiani Planum.
D'Hämatitvirkomme si faarweg markéiert ginn.
D'Ellips weist d'Landegebitt vun der Sond Opportunity
Numm Meridiani Planum
Raumfaartagentur NASA
Aart vu Fuerschung Planéitefuerschung
Homepage
Koordinaten Breet 12///N
Längt 0///E

Well de Meridiani Planum am Teleskop eng opfälleg donkel Struktur op der Héicht vum Marsequator ass, gouf s'als Bezuchspunkt fir d'Längten- an d'Breetegradandeelung vum Planéit erausgesicht. Dofir verleeft de Nullmeridian vum Mars duerch de Meridiani Planum.

Bei spektroskopeschen Ënnersich aus dem Marsorbit gouf um Meridiani Planum d'Mineral Hämatit fonnt. Dofir gouf e fir eng Marsmissiounslandeplaz erausgesicht. Hämatit bilt sech op der Äerd a waarme Quellen oder rouegem Waasser. Donieft gëtt et um Meridiani Planum vulkanesche Basalt an Impaktkrateren.

De 25. Januar 2004 war d'Raumsond Opportunity am klengen Eagle-Krater um Meridiani Planum gelant. Am Gebitt vun der Landeplaz si lasse Sedimentstrukturen ze gesinn. Staark vergréissert Fotoe weise mineralesch Konkretioune vun Hämatit an Huelraim a Gestengs, déi méiglecherweis duerch flëssegt Waasser gebilt goufen. D'Gestengs ass räich u Magnesiumsulfater an anere Sulfater, wéi Jarosit.

Déi virleefeg Resultater vun der Opportunity-Missioun weisen drop hin, datt am Gebitt vum Meridiani Planum an der Vergaangenheet iwwer laang Zäit flëssegt Waasser war.

Geologie vun der Meridiani Fläch änneren

 
Geologie vun der Meridiani Floäch (NASA)
 
Meridiani Planum opgeholl vum Opportunity. Am Hannergrond gesäit een d'Kapsel vun der Landeeenheet an de Fallschierm.

Dës Kaart weist déi geologesch Strukturen an der Regioun vun der Meridiani Fläch, déi vum Marsrover Opportunity zanter 2004 erfuerscht gouf.

Déi südlech, hei bloschattéiert Regioun ass eng al verkratert Landschaft. Déi nërdlech Regioun ass iwwerlagert duerch jonk Sedimenter vun der Meridiani Fläch, nëmme duerchbrach vum nach jonkem Bopolu-Aschlagskrater.

Ronderëm de Krater Endeavour kënnt och ale verkraterte Buedem zum Virschäin. Observatioune aus dem Marsorbit hunn do an op zwou weidere Plaze Schichtsilikat entdeckt. D'Virkomme vun dëse Silikate gëtt mat der fréierer Existenz vu Waasser a Verbindung gesat.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Meridiani Planum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://marsrover.nasa.gov/gallery/press/opportunity/20101216a.html