Opportunity
De 7. Juli 2003 ass de Mars Exploration Rover Opportunity gestart fir de Mars 90 Deeg z'erfuerschen. Als Plaz fir ze landen haten d'Fuerscher de Meridiani Planum erausgesicht.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/d/d8/NASA_Mars_Rover.jpg/220px-NASA_Mars_Rover.jpg)
Missioun
ännerenDe Mars Exploration Rover Opportunity soll am Meridiani Planum no Waasser sichen. De Meridiani Planum soll emol e Séi gewiescht sinn. De Rover ass 180 kg schwéier, an ass d'selwecht gebaut wéi säin Zwillingsrover, de Spirit.
Missiounsverlaf
änneren- De 25. Januar 2004 ass den Opportunity am Eagle-Krater, Meridiani Planum (Mars).
- Den 23. Mäerz 2004 ass den Opportunity aus dem Eagle-Krater gefuer.
- Den 1. Mee 2004 ass den Opportunity beim Endurance-Krater ukomm.
- Den 8. August 2004 ass den Opportunity an den Endurance-Krater gefuer (no 2 Méint ass den Opportunity erëm erausgefuer)
- Den 21. Dezember 2004 mécht den Opportunity sech op de Wee fir an den Erebus-Krater, mä den 28. Abrëll 2005 bleift den Opportunity an der Purgatory-Dün hänken.
- De 5. Juni 2005 ass den Opportunity aus der Purgatory-Dün erauskomm.
- De 27. August 2005 ass e beim Erebus-Krater ukomm.
- De 26. September 2006 ass den Opportunity beim Victoria-Krater ukomm.
- De 4. Januar 2007: De Mars Exploration Rover Opportunity hat eng geschat Liewensdauer vun 3 Méint, 3 Joer duerno huet den Opportunity nach ëmmer funktionéiert.
- 13. Februar 2019: D'NASA huet et opgi fir mam Rover, deen zanter dem Stëbsstuerm am Juni 2018 keng Signaler méi vu sech ginn huet, Kontakt opzehuelen.
Um Spaweck
änneren
Commons: Photos by the Opportunity rover – Biller, Videoen oder Audiodateien |