Maurice Benoy

lëtzebuergesche Moler

De Maurice Benoy, gebuer den 28. Juni 1921 zu Stengefort a gestuerwen de 15. Juli 1987 war e lëtzebuergesche Moler, Graphiker, Plakatist a Grënner vun der éischter Lëtzebuerger Publicitéitsagence.

Maurice Benoy
Gebuer 28. Juni 1921
Stengefort
Gestuerwen 15. Juli 1987
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Graphiker, Plakatist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

BiographieÄnneren

Säi Secondaire huet hien am Iechternacher Kolléisch an an der Industrieschoul gemaach. Am Zweete Weltkrich war hien Zwangsrekrutéierten. No engem Urlaubsopenthalt zu Lëtzebuerg ass hien net méi hannescht gaangen, an huet sech verstoppt bis no der Liberatioun.

Nom Krich ass hien op Paräis Architektur an Urbanismus op d'École centrale d'architecture studéiere gaangen. No zwee Joer huet hien d'Schoul gewiesselt an huet an der École nationale supérieure des beaux-arts (ENSBA) Molerei geléiert. Wärend deene Jore war hie reegelméisseg am Atelier vum bekannte franséische Graphiker an Affichiste Paul Colin. Am Salon des indépendants ass hien 1948 mat zwou Nature morte priméiert ginn. Dat selwecht huet hie sech mat der Loulou Simonis bestuet[1].

1949 koum hien op Lëtzebuerg zréck a war duerno eng Zäit laang Chargé de Cours an der Handwierkerschoul.

1954 huet en déi éischt Publicitéitsagence (haut: Publicité Benoy) zu Lëtzebuerg gegrënnt. Wärend Joren huet hien d'Pläng vun de Lëtzebuerger Stänn, vum Wirtschafts- an Tourismusministère, op den nationalen an internationalen Ausstellungen ausgeschafft an och Publikatiounen vum Ministère illustréiert. Hien huet och jorelaang d'Plakater vun der Nationallotterie entworf.

Als Moler huet de Maurice Benoy haaptsächlech reliéis Motiver gemoolt a sech och mat der Buchmolerei beschäftegt[2].

FräizäitbeschäftegungÄnneren

Enn de 1940er Jore war hien och Fotoreporter, haaptsächlech am Beräich vum Sport. Zu gudder Lescht huet hie sech virun allem dem Automobilsport zougewannt. Hien huet den M.G. Car Club gegrënnt an dat éischt Biergrennen zu Bur mat organiséiert. Hie war och Matgrënner vun der Ecurie Luxembourg, vun där hie vun 1959 wärend 20 Joer President war. Am Karting war hie souguer e puermol Lëtzebuerger Meeschter. 1977 krut hie vum Sportsministère den Ordre national de la Médaille du mérite sportif.

Seng WierkerÄnneren

AusstellungenÄnneren

  • 1950, Ausstellung Galerie Beffa, Lëtzebuerg: Buchmolerei an Uelegbiller[2]

IllustratiounenÄnneren

  • Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1951). Le Grand-Duché de Luxembourg produit, exporte. Luxembourg: Ministère des affaires économiques, service d'expansion économique. (fr), (en)
  • Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1953). The Grand Duchy of Luxembourg products, exports. Luxembourg: Ministry of economic affairs, office of economic expansion. (en)
  • Benoy, M., Krier, Tony, & Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1956). Grossherzogtum Luxembourg : Produktion, Ausfuhr. Luxemburg: Wirtschaftsministerium, Service d'expansion économique. (fr)(de)(nl)
  • Benoy, M., Krier, Tony, & Luxembourg Ministère des affaires économiques Service d'expansion économique. (1959). Grossherzogtum Luxembourg : Produktion, Ausfuhr. Luxemburg: Wirtschaftsministerium, Service d'expansion économique. (fr)
  • Benoy, M. (2009). Ave Maria : Goldenes Buch der Rosenkranzkönigin. Luxembourg: Maurice Benoy.

LiteraturÄnneren

  • Benoy, L., Schweitzer, Lucien, & Scheiden, Paul. (2008). Maurice Benoy. Luxembourg: Lucien Schweitzer Galerie d'art.

Kuckt ochÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. (fr)Luxemburger Wort, 1949. Jg., nº 105, S. 1.. Digitalisiert von der Nationalbibliothek Luxemburg (15.04.1949). Gekuckt de(n) 30.01.2021.
  2. 2,0 2,1 (de)M. Benoy. Escher Tageblatt, 1950. Jg., nº 91, S. 3. (20.04.1950). Gekuckt de(n) 30.01.2021.