M.G. Car Club Luxembourg

Den M.G. Car Club Luxembourg, och dacks méi einfach MG-Club genannt, ass d'Vereenegung (Asbl) vun de Frënn vun der Autosmark M.G. zu Lëtzebuerg.

En Deel vum Comité vum MG Club um Autojumble 2014
De Stand vum MG Club um Autojumble 2014

Geschicht änneren

Den MG-Club Lëtzebuerg ass 1957 vun enger Rei vu lëtzebuergeschen Autosportler (ë. a. Paul Beghin a Maurice Benoy) gegrënnt ginn.[1] Et war deen éischten Autosclub zu Lëtzebuerg, dee sech op eng eenzeg Autosmark konzentréiert huet an deen nach ëmmer besteet. Et ass och ee vun den eelsten MG-Clibb um europäesche Kontinent. D'Grënner vum Veräin hunn awer schonn no e puer Joer d'Interessi um Club verluer, well vun anere Marke méi konkurrenzfäeg Ween disponibel goufen. De Veräin ass awer net opgeléist ginn, mä einfach jorelaang ageschlof.

Am Joer 1974 ass de Veräin op Initiativ vum Ton Maathuis zesumme mat anere Frënn vun der Mark M.G. nees reaktivéiert ginn, well se an der Mark MG net nëmmen e Sportsinstrument gesinn hunn, mä virun allem déi normal Benotzer vun den Autoe vun der Mark ënnerstëtzen an zesummebrénge wollten.

Den Ton Maathuis war vun 1974 bis zu sengem Doud am September 2007 de President vum MG Club. Duerno huet de Curt Wagner de Veräi bis 2011 presidéiert. An der Generalversammlung vum Dezember 2011 huet de Guy Maathuis, den eelste Jong vum Ton, d'Presidentschaft, bis zu sengem Doud den 23. Februar 2021 iwwerholl. En huet dem Club säi Stempel sou gutt national wéi och international opgedréckt.

Veräinspresidenten änneren

  • 1957 - ?: Maurice Benoy
  • 1974 - 2007: Ton Maathuis
  • 2007 - 2011: Curt Wagner
  • 2011 - 2021: Guy Maathuis
  • 2021 - haut: Sonia Mailliet

Aktivitéite vum Veräin änneren

  • Monatlech Treffe vun de Memberen an engem Clublokal fir de Gedankenaustausch
  • Organisatioun vun nationalen an internationalen Treffe mat Aktivitéite ronderëm d'Autoen
  • Bedeelegung un Treffe vun aneren Organisateuren am In- an Ausland
  • Hëllef fir d'Membere beim Ënnerhalt a bei der Restauratioun vun hirem Auto

Veräinszäitschrëft änneren

Den MG-Club gëtt zanter 1975 a méi oder wéineger reegelméissegen Ofstänn eng eege Veräinszäitschrëft eraus, déi bis zirka 1985 MatdélonG geheescht huet, an zanterhier MatdeelonG heescht.

Autojumble änneren

Den MG-Club war den Organisateur vum Autojumble vu sengem Ufank un am Joer 1985 bis 1997. Duerno gouf d'Organisatioun vun der Lëtzebuerger Oldtimer-Federatioun iwwerholl.

Memberschaft an anere Veräiner änneren

Den MG-Club ass Matgrënner a Member vun der LOF an a Kontakt mat villen anere lëtzebuergeschen Auto-Clibb.

En ass och mam britteschen MG-Club affiliéiert a stellt dofir déi offiziell Vertriedung vun deem Club hei zu Lëtzebuerg duer. Ausserdeem ass en a Kontakt mat villen MG-Clibb a ganz Europa.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Auto Revue Dezember 1957