Maria Theresia vun Éisträich

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Äerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Béimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Éisträich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Éisträich (Homonymie).

D'Maria Theresia vun Éisträich, gebuer den 13. Mee 1717 zu Wien, an do gestuerwen den 29. November 1780, war Äerzherzogin vun Éisträich (1740 - 1780), Kinnek[1],[2] vun Ungarn (1741 - 1780), a Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780).

Maria Theresia vun Éisträich
Titelen
Virgänger Karl VI.
Nofollger Joseph II.
Biographie
Gebuer 13. Mee 1717
Hofburg
Gestuerwen 29. November 1780
Wien
Bestuet mat Franz I. Stephan
Papp Karel VI.
Mamm Elisabeth Christine vu Braunschweig
Kanner Joseph II., Leopold II. (HRR), Maria Karolina vun Éisträich, Marie-Antoinette vun Éisträich
Mariatheresiendaler

Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Réimesche Räich.

Si war déi eelst Duechter vum Karl VI. (1685 - 1740). Hire Brudder Leopold (*1716), den eenzege männlechen Trounfolger, ass 1716 gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum Karl VI. (1740), sämtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den éisträicheschen Ierffollegkrich.

1736 ass si mam François III., Herzog vu Loutrengen, (1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de François III. gëtt als Franz I. Stephan 1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Réimesch Keeserin betitelt.

Kanner änneren

D'Maria Theresia hat 16 Kanner (11 Meedercher, 5 Jongen):

  • Maria Elisabeth (* 5. Februar 1737; † 7. Juli 1740)
  • Maria Anna (* 6. Oktober 1738; † 19. November 1789)
  • Maria Karolina (* 12. Januar 1740; † 25. Januar 1741)
  • Joseph II. (* 13. Mäerz 1741; † 20. Februar 1790)
  • Marie Christine (* 13. Mee 1742; † 24. Juni 1798), 1766 bestuet mam Herzog Albert vun Sachsen-Teschen (1738-1822)
  • Marie Elisabeth (* 13. August 1743; † 25. September 1808), Äbtissin zu Innsbruck
  • Karl Joseph (* 1. Februar 1745; † 18. Januar 1761)
  • Maria Amalia (* 26. Februar 1746; † 18. Juni 1804), 1769 bestuet mam Herzog Ferdinand vu Parma (1751-1802)
  • Leopold II. (* 5. Mee 1747; † 1. Mäerz 1792)
  • Karolina (*/† 17. September 1748)
  • Johanna Gabriela (* 4. Februar 1750; † 23. Dezember 1762), verloobt mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien (1751-1825)
  • Josepha (* 19. Mäerz 1751; † 15. Oktober 1767), och verloobt mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien
  • Maria Karolina (* 13. August 1752; † 7. September 1814), 1768 bestuet mam Ferdinand I., Kinnek vu Sizilien
  • Ferdinand (* 1. Juni 1754; † 24. Dezember 1806), bestuet mam Maria Beatrice d'Este, Ierwin vum Herzogtum Modena
  • Marie Antoinette (Maria Antonia) (* 2. November 1755; † 16. Oktober 1793), 1770 bestuet mam Louis XVI., Kinnek vu Frankräich (1754-1793)
  • Maximilian Franz (* 8. Dezember 1756; † 27. Juli 1801), Äerzbëschof, Kurfürst vu Köln

Kuckt och änneren

Jean-Baptiste Determe

Um Spaweck änneren

Commons: Maria Theresia vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger:
Karl III.
Kinnigin vun Ungarn
1740 - 1780
Nofollger:
Joseph II.
Virgänger:
Karl Albrecht
Kinnigin vu Béimen
1743 - 1780
Nofollger:
Joseph II.

Referenzen an Notten änneren

  1. „D'Maria Theresia war vun elo un de Rex Hungariae (Kinnek vun Ungarn). E weiblechen Titel war an der Verfassung net virgesinn.“ Quell: Martin Mutschlechner, Eljen király – es lebe der König! Maria Theresia und Ungarn, op „Die Welt der Habsburger“, gekuckt de 26 Juni 2018
  2. „An Ungarn gëtt si 1741 als Kinnek gewielt, déi weiblech Form vum Titel existéiert net“ Quell: Ulinka Rublack, Maria Theresia: Die Ausnahmefrau op www.zeit.de, gekuckt de 26. Juni 2018