D'Bipedie (vum Latäin: bis „duebel“, pes/pedis „Fouss“) ass eng Fortbeweegungsaart um Buedem bei deem e Wiese sech haaptsächlech op sengen zwee hënneschte Been weiderbeweegt, wéi Goen, Hopsen, Sprangen oder Lafen.

E Strauss - ee vun de séierste Bipeden.

Et ass eng vun de physeschen Eegenschafte vum Mënsch, déi bei him och permanent ass, sou wéi et bei verschiddenen Dinosauriere war, an och haut nach bei alle Vigel.

Et ass een e Biped, wann ee sech op d'mannst sou vill, oder méi op den zwee hënneschte Been weiderbeweegt, wéi mat enger anerer Méiglechkeet.