Den Homo erectus war en Urmënsch, den an Afrika aus dem Homo rudolfensis oder dem Homo habilis fir d'éischt als Homo ergaster entstanen ass, sech dunn awer no Asien ausgebreet huet a sech do, an an Afrika, zum Homo erectus entwéckelt huet.

Homo erectus
Homo erectus

Homo erectus
Homo erectus
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Primaten
Famill: Mënschenafen
Ënnerfamill: Homininae
Gattung: Mënschen
Aart: Homo erectus
Wëssenschaftlechen Numm
Homo erectus
Dubois 1892

En huet d'Fauschtkäil erfonnt, d'Feier benotzt a vun der Juegd gelieft.

En huet virun 1,8 Millioune bis zu viru 40.000 Joer gelieft.

Gehiervolumen 750 – 1250 cm³
Gréisst geschat 1,65 m
Gewiicht ? kg
Kascht Fleesch
Handwierksgeschier Fauschtkeilkultur

1981 huet den Hollänner Eugène Dubois bei Trinil op Java Iwwerreschter vun engem Urmënsch fonnt, deen e Pithecanthropus erectus genannt huet. Spéider gouf dësen zur Aart vum Homo erectus gezielt.

Am Joer 1927 ënnersicht de kanadesche Medezinner Davidson Black zu Peking en Zant dee sechs Joer vidrun an der Hiel vun Zhoukoudian fonnt ginn ass. Dëse Bakenzant gouf dem Fréimënsch Sinanthropus pekinensis (oder Peking-Mënsch) zougeuerdent. E Joerzéngt duerno goufe 50 km vun dëser Hiel eng sëllege Schiedelen a Skelettiwwerreschter vun der selwechter Aart fonnt. Zanter de 50er Joren ziele si zur Aart vum Homo erectus.

1975 huet de Bernard Ngeneo e Schiedel fonnt deen 1,7 Millioune Joer al ass. E gëtt der Aart vum Homo ergaster zougedeelt.

1984 fënnt de Kenianer Kamoya Kimeu am Kenia en aussergewéinlech gutt erhalene Skelett, vun der selwechter Aart. Dëse gouf ënner dem Numm Turkana-Boy bekannt.

Vill Paleoanthropologe si sech guer net eens ob et sech ëm eng eegen Aart handelt an uerdnen d'Fossillen an eng fréier Form vum Homo erectus an.

1991 sinn a Georgie bei Dmanisi fossil Iwwerreschter fonnt ginn déi dem afrikaneschen Homo erectus oder ergaster gläichen.

Um Spaweck änneren

Commons: Homo erectus – Biller, Videoen oder Audiodateien