Fra

erwuessene Mënsch vu weiblechem Geschlecht

Eng Fra ass en erwuessene Mënsch vum weibleche Geschlecht.

Eng Collage mat 20 Fraen

Weiblech Kanner a Jugendlecher ginn als Meedercher bezeechent. Déi héiflech Uried fir eng Fra ass am Lëtzebuergesche Madamm an a spezielle Fäll och Damm oder Dammen (dann ouni Numm). D'Uried Joffer fir onbestuet Fraen ass haut net méi üblech. E Synonym fir „weiblech“, also fir alles wat sech op d'Fra bezitt, ass „feminin“. De Begrëff „Fra“ bezeechent och d'Partnerin an enger bestueter Koppel.

Biologie änneren

Typescherweis ierwe Fraen zwéin X-Chromosomen, ee vun all Elterendeel, a kënne vun der Pubertéit u bis zu de Wiesseljoren schwanger ginn a Kanner kréien. Déi weiblech Anatomie ënnerscheet sech vun der där vum Mann duerch de weibleche Fortplanzungssystem, zu deem d'Eeërstäck, den Eeleeder, d'Gebärmutter, de Vagin an d'Vulva zielen. Eng erwuesse Fra huet allgemeng e méi breet Becken, méi breet Hëften a méi grouss Brëscht wéi en erwuessene Mann. Fraen hunn typescherweis och manner Hoer am Gesiicht an um Kierper, e méi héijen Undeel vu Kierperfett a sinn duerchschnëttlech méi kleng a manner muskuléis wéi Männer.

Gesellschaft änneren

Am Laf vun der Mënschheetsgeschicht hunn traditionell Geschlechterrollen dacks d'Aktivitéiten an d'Méiglechkeete vun de Fraen definéiert an ageschränkt. Dat huet zur Ongläichheet tëscht de Geschlechter gefouert. Vill reliéis Léieren a Rechtssystemer schreiwe bestëmmt Reegele fir Frae vir. Well et am Laf vum 20. Joerhonnert a ville Gesellschaften manner Beschränkunge gouf, krute Fraen e méi breeden Zougank zu Beruffer an d'Méiglechkeet, eng méi héich Bildung z'absolvéieren. Gewalt géint Fraen, sief et an der Famill oder an der Communautéit, huet eng laang Geschicht a kënnt haaptsächlech vun de Männer. D'Beweegungen an d'Ideologie vum Feminismus hunn dat gemeinsaamt Zil, d'Gläichstellung vun de Geschlechter z'erreechen.

Eng Transfra ass eng Persoun, déi bei der Gebuert als Mann bestëmmt gouf an där hir weiblech Geschlechtsidentitéit net mat där männlecher Bestëmmung iwwereneestëmmt.

Statistiken änneren

2022 huet d'Weltbank geschat, datt 49,7 % vun der Weltbevëlkerung Frae waren.[1]

Den 1. Januar 2022 hunn offiziell 320.333 Fraen a Meedercher zu Lëtzebuerg gewunnt. Dat waren 49,6 % vun der Gesamtbevëlkerung, wärend ronn 173.000 (54,1 %) vun de Persoune mat Lëtzebuerger Nationalitéit weiblech war. Den Duerchschnëttsalter vun alle Fraen a Meedercher zu Lëtzebuerg louch bei 40,4 Joer.[2]

Zu Lëtzebuerg ass den Undeel vu Fraen am Alter vun 20 bis 64 Joer mat enger Aarbecht zënter dem Joer 2000 kontinuéierlech geklommen a louch 2021 bei 70 %, géint 78 % bei de Männer. 20 Joer éischter louch d'Beschäftegungsquot bei de Fraen nach bei 54 % a bei iwwer 80 % bei de Männer.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Fraen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Weltbank: Population, female (% of total population) - World (2022)
  2. 2,0 2,1 STATEC: Regards sur la vie des femmes au Luxembourg, Regards N°5, 03/23