Numm Luna 1
Missiounszil Äerdmound
Land Sowjetunioun
Agentur UdSSR
Drorakéit Wostok-Typ 8K72
Startmass 361,3 kg
Start 2. Januar 1959
Startramp Weltraumgare Baikonur

D'Luna 1, (russesch: Metschta fir Dram), war déi éischt Moundsond an déi éischt Raumsond iwwerhaapt. Erméiglecht hat dat déi deemoleg Stäerkt vun der sowjetescher Rakéitentechnik. Duerch déi grouss Rakéitestäerkt konnt si d'Schwéierfeld vun der Äerd verloossen an onofhängeg vum Magnéitfeld weider fléien. De geplangten Opschlag um Mound hat si net erreecht; gouf awer ongewollt de 4. Januar 1959 déi éischt Laanschtfluchsond.

D'Seriebezeechnung Luna entstoung kuerz nom Start vun der Luna 1 awer nëmmen an de westleche Medien. Den ufänglechen Numm Metschta gouf verdrängt. An den offizielle sowjetesche Medie gouf Luna 1 Kosmesch Rakéit genannt.

Opbau änneren

Déi kugelfërmeg Sond hat eng Mass vun 361,3 kg an en Duerchmiesser vun 1,45 m. Den hermetesch zouen Instrumentbehälter bestoung aus enger Aluminium-Magnesiumalliage a war mat Stéckstoff gefëllt. De Gas huet gehollef, déi néideg Betribstemperatur fir déi elektronesch Instrumenter bäizebehalen. Op der baussenzeger Behälterfläch waren d'Sensore fir d'Moossinstrumenter, e Stafausleeër mat engem Magnetometer a véier Stafantennen ubruecht. D'Moossinstrumenter ware virgesinn fir d'Ënnersich vun der Stralung a vu Magnetfelder am Ëmfeld vun Äerd a Mound, souwéi fir d'Bestëmmung vun der Dicht vum interplanetare Gas. Ënner de bannenzegen Instrumenter war och e Geigerzieler an en Szintillatiounszieler. Weider hat Lunik 1 massiv Metallkugele bei sech, déi den Opschlag um Mound iwwerstanen hätten a sowjetesch Ofzeeche wéi Hummer a Séchel fräigemaach hätten. Eng Kamera fir Biller vun der Uewerfläch vum Mound ze maache war net dobäi. D'Stroumversuergung gouf mat Batterie gemaach. Eng Kurskorrektur war net méiglech.

Fluchverlaf änneren

No de Feelstarte vun dräi Virgänger am Joer 1958 an nëmme 15 Méint nom Start vu Sputnik 1 hat d'Luna 1 den 2. Januar 1959 um 16:41:21 UTC vun der Weltraumgare Baikonur mat Zil Äerdmound opgehuewen. Hir Drorakéit vum fréie Wostok-Typ 8K72 – Luna genannt – war eng fir de Moundfluch ëm eng drëtt Stuf vergréissert R-7, déi scho bei den dräi Virversich zum Asaz koum.

Den 3. Januar um 0:56 UTC, nach wäit virum Erreeche vum Mound, gouf op enger Äerddistanz vu ronn 113.000 km vun der leschter Rakéitestuf eng Natriumdampwollek ausgestouss. Déi gebraucht Dosis vun 1 kg Natrium hat eng Wollek erginn, déi wéinst dem Sonnewand orange geliicht huet an als "kënschtleche Koméit" als visuell Markéierung vun der Bunnpositioun, vun Observatiounsstatioune fotograféiert konnt ginn. Wéi du festgestallt gouf, datt d'Sond de Mound verfeele géif an den Äerd-Mound-System verloosse géif, gouf d'Sond a Metschta ëmgenannt, an Uleenung un den Dram vun der Mënschheet, an de Weltraum virzestoussen.

Wéinst ze héijer Vitess hat d'Luna 1 d'Uewerfläch vum Äerdtrabant de 4. Januar um 2:59 UTC no 34 Stonnen ëm knapps 6000 km verpaßt. D'Sond ass mat enger Vitess vun 2,5 km/s laanscht geflunn. Wéinst dësem ongeplante Swing-by koum si an eng Ëmlafbunn ëm d'Sonn tëscht de Bunne vun Äerd a Mars. D'Exzentrizitéit ass 0,14767, de Perihel läit bei 0,9766 AE an den Aphel bei 1,315 AE. D'Bunnschréi huet 0,01° a seng Ëmlafzäit dauert 450 Deeg.

Déi lescht Funksignaler vun der Sond konnten de 5. Januar 1959 géint 7:00 UTC nach aus enger Distanz vu ronn 600.000 km empfaange ginn.

Resultater änneren

Obwuel d'Endzil net erreecht gouf, konnt d'Luna 1 awer wéi geplangt vill Informatiounen op d'Äerd schécken, déi vun de Moossinstrumenter opgezeechent goufen. Si hat Moosswäerter vun der Van-Allen-Stralungsceinture geliwwert an hat d'Existenz vum Sonnewand bestätegt an hat festgestallt, datt den Äerdmound kee Magnéitfeld huet.

Déi änlech konzipéiert Luna 2 hat d'Uewerfläch vum Mound nach am selwechte Joer erreecht.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren