Eng Rakéitestuf ass en Deel vun enger Méistuferakéit. Si dreift fir eng bestëmmten Zäit déi ganz Rakéit un a gëtt, fir d'Mass ze reduzéieren, nom Ausbrennen ofgetrennt. All Stuf ass am Fong eng Rakéit mat Dreifstoffreserve a Rakéitendreifwierk.

Aufgab änneren

 
Ofgetrennt drëtt Stuf vun enger Saturn V

Rakéiten, déi an eng Äerdëmlafbunn antriede sollen, mussen dozou op d'mannst déi éischt kosmesch Vitess erreechen. D'Rakéitegrondequatioun beschreift d'Ofhängegkeet vun der Maximalvitess vun enger Rakéit vun der Ausstréimvitess vun den Dreifwierkgasen an dem Verhältnes vun der Startmass zu der Eidelmass plus Notzlaascht. Well d'Ausstréimvitess vun den Dreifwierkgasen duerch déi gebrauchten Dreifstoffer begrenzt ass, an d'Notzlaascht virginn ass, bleift nëmmen d'Méiglechkeet, d'Eidelmass vergläichbar kleng ze halen. Dofir gi Rakéitestufen, déi keen Dreifstoff méi hunn, am Fluch ofgetrennt.

Gebrauch änneren

 
D'Delta IV Rakéit, déi aus zwou openee montéierte Rakéitestufen besteet a mat Boostere verstäerkt ka ginn.

Rakéitestufen kënnen openeemontéiert oder als Booster baussen un der Rakéit ubruecht ginn. Si gi bei Drorakéiten fir d'Raumfaart, bei Interkontinentalrakéiten an a verschiddene Fäll bei Héichtefuerschungsrakéite gebraucht. Den ofwerfbaren Haapttank vum Space Shuttle ass keng Rakéitestuf, well e keen eegenen Undriff huet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren