Jean Klein (1942)
lëtzebuergesche Foussballspiller a Schoulmeeschter
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Jean Klein. Fir aner Leit mam Numm Jean Klein, kuckt wgl. Jean Klein. |
De Jean Klein, gebuer den 21. Dezember 1942, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Schoulmeeschter.
Jean Klein | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 21. Dezember 1942 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
![]() |

Ënne v.l.n.r. Bizzi Klein, Jean Klein, Camille Dimmer, Ady Schmit, Louis Pilot
De Jean Klein war Stammspiller bei der US Diddeleng.
Hien huet an 31 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 4 Goler geschoss. An zwar:
- den 28. Februar 1965 zu Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsmatch géint d'Belsch
- den 23. Dezember 1967 zu Paräis géint déi franséisch Nationalekipp an engem Qualifikatiounsspill fir d'Europacoupe,
- de 17. Abrëll 1968 zu Lëtzebuerg an engem Frëndschaftsmatch géint d'Hollänner
- den 23. November 1968 zu Kopenhagen an engem Frëndschaftsmatch géint déi dänesch Nationalekipp[1].