Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker

D'Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l., ofgekierzt A.H.A. Lëtzebuerg, ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck mat Sëtz an der Stad Lëtzebuerg, déi den 13. Mee 2010 gegrënnt gouf.[1] Wéi den Numm et scho seet, wëll dës Allianz sech fir d'Intressie vun den Humanisten, Atheisten, Agnostiker an aneren net gleewege Mënschen zu Lëtzebuerg asetzen.

De Logo vun der A.H.A. Lëtzebuerg a.s.b.l.

Am Kader vum Virtrag Glaubst Du noch oder denkst Du schon? vum däitsche Philosoph Michael Schmidt-Salomon gouf d'A.H.A. de 6. November 2010 an der Abtei Neimënster an der Stad presentéiert[2].

De Veräi schafft enk mat der däitscher Giordano-Bruno-Stiftung, vun där hien och d'Grondsätz iwwerholl huet, zesummen.

Campagne 'Net reliéis? Stéi dozou!' op Gefierer vum ëffentlechen Transportwiesen am Joer 2011

Haapttheme vun der A.H.A. Lëtzebuerg

änneren

Wëssen amplaz Glawen

änneren

Reliounen hunn traditionell Problemer mat wëssenschaftlechen Entdeckungen, déi net an hiert dogmatescht Weltbild passen. D'kathoulesch Kierch huet z. B. 360 Joer gebraucht fir unzeerkennen, datt d'Äerd sech ronderëm d'Sonn dréint. D'Evolutioun gëtt bis haut vun der Kierch nach ëmmer net vollstänneg unerkannt.

Duerch hire gesellschaftlechen Afloss bremst d'Kierch wichteg wëssenschaftlech Fuerschungen, besonnesch am Beräich vun der Medezin (Stammzellefuerschung, Gehierfuerschung).

D'A.H.A. Lëtzebuerg setzt sech dofir an, datt d'Politik sech punkto wëssenschaftlech Fuerschung a Wëssensvermëttlung net vun der kathoulescher Kierch beaflosse léisst.

Zitat aus dem Depliant vun der A.H.A. Lëtzebuerg:

"Ich bin ein Gegner der Religion. Sie lehrt uns, damit zufrieden zu sein, dass wir die Welt nicht verstehen."
Richard Dawkins, Evolutiounsbiolog.[3]

Eethik fräi vun Dogmen

änneren

Wäerter sinn e Garant vum Zesummenhalt vun all Gesellschaft. Doru scheiteren d'Weltreliounen, well si wéinst Dogmen a Seeërcher d'Gesellschafte splécken.

En naturwëssenschaftlecht Weltbild, dat déi mënschlech Besoinen an hirer Wierklechkeet erfaasst, dat op enger universeller humanistescher Eethik baséiert, fir datt all d'Mënschen Usproch op Eegebestëmmung a Gerechtegkeet kënnen hunn.

Zitat aus dem Depliant vun der A.H.A. Lëtzebuerg:

"Mit oder ohne Religion werden sich gute Menschen gut verhalten und schlechte Menschen werden Böses tun. Aber der Beitrag der Religion in der Geschichte war, es guten Menschen zu erlauben, Böses zu tun.".
Steven Weinberg, Physiker a Kosmolog.

Fester ouni Relioun a Kierch

änneren

Fester an Zeremonië kënne fräi vu reliéisen Zwäng sou op eng liewensfrou an ergräifend Aart a Weis gefeiert ginn. Wichteg Uläss wéi Gebuert, Bestietnes an Doud kënnen no perséinleche Virléiften a Besoine gefeiert ginn. Dacks entscheede sech Leit fir eng kierchlech Zeremonie net aus reliéise Grënn, mä duerch sozialen Drock vu Famill an Ëmfeld, oder aus Angscht, sech net wéi anerer ze behuelen.

D'A.H.A. Lëtzebuerg setzt sech dofir an:

  • d'Kanner no hirer Gebuert net direkt an e reliéisen Tirang ze stiechen, mä et hinne selwer z'iwwerloossen, wa si erwuesse sinn, hir Choixen ze treffen;
  • et engem z'erliichteren, ouni kierchlech Zeremonien ze feieren, wann ee souwisou net gleeweg ass;
  • et engem z'erliichteren, vun der Famill an der Gesellschaft Respekt ze fuerdere géintiwwer der eegener Entscheedung, ouni Relioun ze feieren.

Trennung vu Kierch a Staat

änneren

D'A.H.A. Lëtzebuerg setzt sech fir de Prinzip vun der Glawensfräiheet an, dofir fuerdert de Veräin e laizistesche Staat, deen net nëmmen d'Reliounsfräiheet unerkennt, mä och d'Fräiheet vu Relioun.

D'Lëtzebuerger Constitutioun gesäit am Artikel 20 vir, datt keen dozou gezwonge ka ginn, eng bestëmmt Relioun z'ënnerstëtzen, och net finanziell. Déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg gëtt awer zu engem bedeitenden Deel vun alle Steierzueler finanzéiert.

D'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg hëlt reegelméisseg zu gesellschaftlech relevanten Theeme Stellung, souwuel an der Politik wéi och an de Schoulen, z. B. beim Gesetz iwwer d'Stierfhëllef. D'Kierch hëlt a wichtege moraleschen a gesondheetleche Froe bedenklech Positiounen an: Diskriminéierung vun de Fraen an Opzwénge vum Zölibat an den eegene Reien, Diskriminéiere vun Homosexualitéit, Ofleenung vun der Verhiddung, asw.

D'A.H.A. Lëtzebuerg fuerdert eng konsequent Trennung vu Kierch a Staat an eng Trennung vu Kierch an ëffentlechem Schoulwiesen duerch déi generell Aféierung vun eenheetlechen an ideologesch neutralen Eethikcoursen amplaz déi haiteg Opdeelung tëscht kathoulesche Reliounscoursen a Moral-/Sozialcoursen.

Zitat aus dem Depliant vun der A.H.A. Lëtzebuerg:

« Dans chaque village un homme tend un flambeau, l'instituteur, et un autre souffle dessus, le curé ».
Victor Hugo.

D'A.H.A. Lëtzebuerg an der Kritik

änneren

De Professer Norbert Campagna vun der Universitéit Lëtzebuerg bewäert déi senger Meenung no ondifferenzéiert Slogane vun der Allianz an der Zäitschrëft forum als bal scho skandaléis onkritesch. Duerch den Ausschloss vun allem reliéisen Diskurs aus der Ëffentlechkeet géif d'Mënschsinn ëmmer méi op en eendimensionalt hedonistescht Dosi reduzéiert ginn; dat chrëschtlecht Welt- a Mënschebild hätt wesentlech Elementer zum moderne Mënscherechtsdiskurs bäigedroen.[4]

D'A.H.A.-Membere Manuel Huss an Taina Bofferding publizéieren doropshin eng Géigenduerstellung an der Follgenummer vun der selwechter Zäitschrëft, déi dem Prof. Campagna virgehäit, sech just mat de Slogane vun der A.H.A. Lëtzebuerg ze beschäftegen ouni de Kontext an d'Begleeterklärungen ze beuechten.[5]

Literatur

änneren

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Atheismus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Cf. d'Grënnungsstatuten am Mémorial C Nr. 1403: 67327-67330 vum 8. Juli 2010.
  2. Cf. AHA! Auftakt der Humanisten in Luxemburg Humanistischer Pressedienst, Nr. 10619, 11. November 2010.
  3. Cf. Dawkins 2007 an der Literatur.
  4. Norbert Campagna, AHA - Überlegungen zum Programm einer neuen Vereinigung. forum Nr. 302 (Dez. 2010): 4-6.
  5. Manuel Huss an Taina Bofferding: Replique op d'Kritik vum Norbert Campagna. forum Nr. 303 (Jan. 2011): 49-50.