Lurchen
D'Lurchen, och nach Amphibië genannt, sinn eng Klass vun de Wierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6200 bekannten Aarten.
Lurchen | |||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Panthermouken | |||||||||||
Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
Amphibia „Gray“ 1825 | |||||||||||
Uerdnungen | |||||||||||
Hire wëssenschaftlechen Numm kënnt vum griicheschen ἀμφί, amphi = op béid Säiten an βίος, bios = Liewen. Dëst kënnt dohier well d'Larven, oder Kauzekäpp vun deene meeschte Lurchen am Waasser liewen, duerno awer, no enger Metamorphos, d'Waasser verloosse fir um Land ze liewen.
Vill erwuesse Lurche liewen awer weider souwuel am Waasser wéi um Land. Alleguer musse s'op fiichte Plaze liewen, fir hire Kierper virun ze groussem Waasserverloscht ze schützen.
Kennzeeche vun de Lurchen
ännerenSystematik
änneren- Uerdnung Schwanzlurchen (Caudata)
- Iwwerfamill Risesalamanderen (Cryptobranchoidea)
- Iwwerfamill Armmolchen (Sirenoidea)
- Iwwerfamill Salamanderdéieren (Salamandroidea)
- Uerdnung Fräschelurchen
- Iwwerfamill Echt Mouken (Bufonoidea)
- Iwwerfamill Enkmaulfräschen (Microhyloidea)
- Iwwerfamill Echt Fräschen (Ranoidea)
- Uerdnung Schläichlurchen
- Iwwerfamill Primitiv Schläichlurchen
- Iwwerfamill Méi héich entwéckelt Schläichlurchen
- Iwwerfamill Héich entwéckelt Schläichlurchen
Lurchen zu Lëtzebuerg
änneren Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den Amphibien zu Lëtzebuerg.
Literatur
ännerenProess, R. (éd.), 2003. Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 37: 1-85.
Um Spaweck
ännerenCommons: Amphibia – Biller, Videoen oder Audiodateien |