Lëtzebuergesch Industrie

Nodeem se den Akerbau, aus senger wichtegster Positioun verdrängt hat, huet d'Industrie, zanter dem Enn vum 19. Joerhonnert an Ufank vum 20. Joerhonnert, an der Lëtzebuerger Wirtschaftsstruktur eng wichteg Roll gespillt. Och no der industrieller Rekonversioun an no hirer neier Ausriichtung, bleift d'Siderurgie, am industrielle Beräich, op der éischter Plaz. Et ass allerdéngs dacks net méiglech e rigouréisen Ënnerscheed tëscht Industrie an Handwierk ze maachen, well a verschidde Branchen, wéi am Bau, d'Grenze sech verwëschen.

Déi verschidden industriell Branchen änneren

D'Gewiicht vun der Industrie an der wirtschaftspolitescher Wäertschëpfung hëlt haut of. 1985 ass d'Industrie zu Lëtzebuerg nach mat ronn ¼ intervenéiert. 2003 ass dësen Undeel op eppes iwwer 1/10 gefall, dat am Kader vun der sougenannter Tertiarisatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie. Vun den aneren Industrië sinn ënner anerem follgend Branche speziell z'ernimmen:

Eng Partie Industrie si ganz oder deelweis aus der Lëtzebuerger Industrielandschaft verschwonnen:

D'industriell Rekonversioun änneren

De Carlo Hemmer hat Recht, wéi e geschriwwen huet: Le Luxembourg est un don du fer, comme l'Egypte est un don du Nil. Dat hat awer net nëmmen eng positiv Auswierkung. Duerch hire monolitesche Charakter an duerch hir Iwwerofhängegkeet vum Stol, war d'Lëtzebuerger Ekonomie staark krisenufälleg. Dat gouf Lëtzebuerg sech am Laf vun den 1950er Jore bewosst, wéi d'Gierwereien am Norden ausgefall sinn; an nach méi, wéi 1974 d'Stolindustrie an d'Kris gerutscht ass. Dunn hunn nei Industrië missen an d'Land fir déi fräigestallten Aarbechtskräften opzefänken an och fir de monolithesche Charakter vun der Lëtzebuerger Ekonomie ofzeschwächen. 1951 hat d'Goodyear schonn eng nei Produktiounsunitéit zu Colmer-Bierg opgemaach. Vun 1962 un huet dann d'Regierung ugefaange systematesch Efforten ze maachen, fir eng Rekonversioun an eng Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie erbäizeféieren. De Board of Industrial Development gouf gegrënnt, mat dem deemolege Prënz Jean un der Spëtz. Hir Aufgab war et, fir friem Investisseuren am Ausland ze beweegen, eng Néierloossung zu Lëtzebuerg opzemaachen. Hir Missioun ass äusserst erfollegräich verlaf.

D'Beruffsvertriedung änneren

D'Lëtzebuerger Industrie ass hierarchesch gutt organiséiert. Dat ass fir d'Patronat sou gutt wouer, wéi och fir d'Salariéen. An deem Zesummenhang sinn d'Fédération des Industriels an och op d'Arbechter-Gewerkschaften, déi no Wirtschaftsbranche strukturéiert sinn, z'ernimmen.

Dozou kënnt, datt Lëtzebuerg e Land ass, dat wéi Éisträich ee System vun offiziell, gewielte Beruffschamberen huet, dee Bestanddeel vum legislative Prozess ass. D'Handelskummer ass fir den Handel, d'Industrie an d'Banken zoustänneg.

Literatur änneren

  • Carlo Hemmer: L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - La production secondaire: L'industrie sidérurgique, Éditions Joseph Beffort, Luxembourg, 1953
  • Paul Weber: Histoire de l'économie luxembourgeoise, Imprimerie Victor Buck, Luxembourg, 1950, 432 pages

Um Spaweck änneren