Catherine Elsen

lëtzebuergesch Schauspillerin

D'Catherine Elsen, gebuer de 17. Januar 1986,[1] ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin, Choreographin an Dänzerin.

Catherine Elsen

Si huet Theater an Däitschland an Danz-Theater zu London studéiert.[2]

No Optrëtter als Theaterschauspillerin[3] huet si 2019 hir engleschsproocheg "One-Woman-Show" mam Titel Love, Death and Polar Bears am Kulturzentrum Opderschmelz presentéiert.[4],[5] Am selwechte Joer huet si déi éischt Staffel vun der Webserie W. gedréint, an där si den Titelpersonnage spillt an déi d'Joer drop verëffentlecht gouf.

2021 huet si bei de Lëtzebuerger Theaterpräisser de Präis an der Kategorie "Nowuesstalent" gewonnen.[6]

Ee Joer méi spéit huet si mat der Charlotte Bruneau an der Laura Mannelli den interaktive Spektakel The Assembly lancéiert, dee seng Première an der Arche zu Villerupt hat.[2]

Referenzen änneren

  1. Fiche op actors.lu (gekuckt den 12. Januar 2023)
  2. 2,0 2,1 culture.lu: The Assesmbly: Entretien avec Catherine Elsen, Interview mam Loïc Millot (11. Mai 2022)
  3. Fiche op castforward.de (gekuckt de5. Juni 2023)
  4. chronicle.lu: Catherine Elsen to put on One-Woman Show at opderschmelz (12. Maërz 2019)
  5. tageblatt.lu: Performance-Künstlerin Catherine Elsen: Mehr als intellektuelle Masturbation vum Anne Schaaf (31. Mäerz 2019)
  6. gouvernement.lu: Le Lëtzebuerger Danzpräis et les Lëtzebuerger Theaterpräisser seront remis le vendredi 17 septembre 2021 (14. September 2021)