Kelmis (fr: La Calamine) ass eng Gemeng an den Ostkantonen an der belscher Provënz Léck an eng vun den néng Gemenge vun der däitschsproocheger Communautéit an der Belsch.

Kelmis
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Däitsch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Verviers
Gemeng Kelmis
Awunner 11.061 (1. Januar 2018)
Fläch 15 049
Koordinaten 50° 42’ 58’’ N
      6° 0’ 51.01’’ O
Telefonszon 087
Postcode 4720
4721
4728
Websäit https://www.kelmis.be
Lag vu Kelmis an der Provënz Léck

Kelmis läit am Dräilännereck Belsch – HollandDäitschland am Dall vun der Gueule (oder Göhl) 8 km vun Oochen a vum hollännesche Vaals ewech. Uertschaften an der Gemeng sinn Hergenrath, Kelmis (fréier Neutral-Moresnet) an Neu-Moresnet.

Geschicht änneren

Den Numm vun der Uertschaft leedt sech vum Äerz Galmei (Zénkspat) of, deen an der Géigend als Kelms oder Kelmes bekannt ass an zanter dem fréie Mëttelalter do ofgebaut gouf.

D'Gebitt ronderëm d'Zénkgrouf Vieille Montagne war tëscht 1816 an 1919 een als Neutral-Moresnet bekannten Territoire, dee vu Preisen an Holland (spéider vun der Belsch) zesummen administréiert gouf, well se sech nom Wiener Kongress net eens konnte ginn, wien dëst Gebitt (an d'Buedemschätz drënner) kréie géif.

Den 1. Januar 1977 hunn d'Gemengen Neu-Moresnet an Hergenrath mat Kelmis fusionéiert, wouduerch d'Fläch elo 18,2 km² bedréit. Mat ronn 10.000 Awunner ass Kelmis déi zweetgréisst Gemeng vun der Däitschsproocheger Communautéit.

Um Spaweck änneren

 
Vue op Kelmis
Commons: Kelmis – Biller, Videoen oder Audiodateien