Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Nohalteg Entwécklung ass e Konzept, dat iwwer eng laang Period entstanen ass an eng Entwécklung beschreift, bei där gläichzäiteg déi sozial Inegalitéit an déi mënschlech Pressioun op d'Ëmwelt reduzéiert ginn. Global gesinn geet et dorëm, Nohaltegkeet an all Aktivitéiten z'erreechen, fir déi Ressource gebraucht ginn an déi iwwer e puer Generatioune ginn.

En Diagramm op Franséisch no der Iddi vum A. Villain (1993) mat den dräi Saile vun der nohalteger Entwécklung: dem Sozialen, der Wirtschaft an der Ëmwelt.

D'Evolutioun vum Konzept änneren

Schonn 1949 huet den amerikanesche President Harry Truman an enger Ried den Terme "Entwécklung" (development) populariséiert andeems hie sech fir eng Hëllefspolitik fir déi "ënnerentwéckelt" Länner staark gemaach huet. Senger Meenung no kéint den Apport vun techneschem Wëssen aus de spezialiséierte Länner dozou bäidroen, d'Aarmut ze bekämpfen.[1]

Eng aner bedeitend Etapp war 1968 d'Kreatioun vum Club vu Roum (Club of Rome), dee wichteg Persounen aus der ganzer Welt zesummebruecht huet. An den éischten Diskussiounen gouf festgehalen, dat et néideg wier, d'Wëssenschaftler an der Etude vun der Evolutioun vun der Welt an hirer Globalitéit z'ënnerstëtzen, mam Zil, d'Grenze vum Wuesstem z'erfuerschen. Dat huet 1972 zur Verëffentlechung vum Rapport The Limits to Growth[2] gefouert, an deem eng Computersimulatioun mat exponentiellem Wirtschafts- a Bevëlkerungswuesstem mat begrenzte Ressourcen analyséiert gouf, dat Ganzt iwwer eng Period vun 200 Joer (vun 1900 bis 2100). Där Projektioun no géif d'Weiderféiere vum Wirtschaftswuesstem am Laf vum 21. Joerhonnert zu enger brutaler Chute an der mënschlecher Bevëlkerung an an der Flora an der Fauna féieren. Grënn duerfir wieren Ëmweltverschmotzung, Buedemveraarmung an -degradatioun a Rarefactioun vun de fossille Ressourcen (zum Beispill Pëtrol oder Kuelen). De Rapport huet sech milliounefach verkaaft an huet weltwäit fir Opregung gesuergt. Gläichzäiteg goufen awer och de Contenu an d'Methodologie vun den Auteure kritiséiert.

An engem Konfrontatiounsklima tëscht Ëmweltaktivisten a Wirtschaftslobbyiste gouf 1972 d'Konferenz vu Stockholm[3] ofgehalen. Et goufen eng Rei Prinzipien a Recommandatioune festgehalen, déi d'Interaktioun tëscht Wirtschaft an Ëmwelt am Kontext vun de Relatiounen tëscht dem globalen Norden an dem globale Süde concernéieren.[4]

1980 huet déi International Unioun fir d'Erhale vun der Natur (IUCN) an hirem Rapport "World Conservation Strategy: Living Resources Conservation for Sustainable Development" fir d'éischte Kéier an engem offiziellen Dokument den Term "Nohalteg Entwécklung" benotzt.[5]

Eng gréisser Bedeitung krut d'nohalteg Entwécklung nodeems se 1987 am Rapport Our Common Future (oder Brundtland-Rapport) vun der sougenannter Brundtland-Kommissioun[6] ernimmt ginn ass. An deem Rapport kënnt och déi geleefegst Definitioun dovu vir: Eng Nohalteg Entwécklung ass eng Entwécklung déi aktuell Bedierfnesser befriddegt ouni ze riskéieren, datt déi zukünfteg Generatiounen hir eege Bedierfnesser net kënne befriddegen.[7]

Den Intergovernmental Panel on Climate Change vun de Vereenten Natioune gouf 1988 mam Zil gegrënnt, op eng methodesch, kloer an objektiv Manéier déi wëssenschaftlech, technesch a sozio-ökonomesch Donnéeën auszewäerten, déi e Rapport mam Klimawandel hunn. Schonn 1990 huet e säin éischte Rapport ("First Assessment Report") verëffentlecht, an deem déi international Communautéit iwwer d'Risike vum Klimawandel wéinst enger héijer Konzentratioun vun Zäregasen an der Atmosphär alarméiert gouf.[8]

Zwee Joer drop gouf d'Konferenz vu Rio[9] organiséiert, mat där sech de Begrëff "Nohalteg Entwécklung" endgülteg duerchgesat huet. Iwwer 170 Länner ware vertrueden a 17.000 Persounen hunn un den Debatten iwwer d'Zukunft vun der Äerd deelgeholl. Schonn an den 1960er an 1970er gouf et international Accorden, déi bestëmmt Secteure vun der Ëmwelt betraff hunn (d'Flora, d'Fauna, d'Loft oder Mierer). Rio huet de multilateralen Ëmweltaccorden en neien Elan ginn. Op där staark mediatiséierter Konferenz goufen ënner anerem d'Biodiversitéits-Konventioun an d'Agenda 21 (eng Aart Aktiounsplang fir d'21. Joerhonnert) adoptéiert.[10]

1997 gouf de Kyoto-Protokoll ënnerschriwwen an et goufen nach Konferenzen zu Johannesburg (2002)[11], Kopenhagen (2009)[12], Rio de Janeiro (2012)[13] a Lima (2014)[14] gehalen.

Bildung fir Nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg änneren

An de Joren 2010 bis 2014 huet de Projet d'établissement vum Kolléisch sech der Bildung fir Nohalteg Entwécklung (BNE) ugeholl[15]. Ënnert dem Titel think globAL – act locAL: Global a vernetzt denken, nohalteg handelen (net nëmmen) an der Schoul sinn dräi Ziler ugestrieft ginn:

  1. Schüler a Professere léiere vernetzt ze denken, fir am Alldag nohalteg ze handelen
  2. De Kolléisch ass eng Léierplaz an e Liewensraum, fir Bildung fir nohalteg Entwécklung ze fërderen
  3. De Kolléisch ass e Partner am Netzwierk fir nohalteg Entwécklung zu Lëtzebuerg

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Truman's Inaugural Address (20. Januar 1949), op trumanlibrary.org
  2. de: Die Grenzen des Wachstums; fr: Halte à la croissance?; Auteuren: Donella H. Meadows, Dennis L. Meadows, Jørgen Randers, William W. Behrens III
  3. Offiziell: United Nations Conference on the Human Environment
  4. Declaration of the United Nations Conference on the Human Environment op unep.org
  5. World Conservation Strategy: Living Resources Conservation for Sustainable Development (1980), op iucn.org
  6. Offiziell: World Commission on Environment and Development. Kommissiounspresidentin war déi fréier norwegesch Premierministesch Gro Harlem Brundtland. D'Kommissioun hat d'Zil, d'Länner zesummenzebrénge fir sech gemeinsam fir eng nohalteg Entwécklung anzesetzen.
  7. Am engleschen Original: Sustainable development is development that meets the needs of the present without compromising the ability of future generations to meet their own needs; cf: "Our Common Future" op un-documents.com
  8. "First Assessment Report" op ipcc.com
  9. Offiziell: United Nations Conference on Environment and Development
  10. Iwwersiicht iwwer d'Konferenz vu Rio op un.org
  11. Offiziell: World Summit on Sustainable Development
  12. Offiziell: United Nations Climate Change Conference
  13. Offiziell: United Nations Conference on Sustainable Development
  14. Offiziell: United Nations Climate Change Conference
  15. Virstellung an Dokumentatioun vum Projet tgAL