Tour of Duty

(Virugeleet vu(n) Tour of duty)

Tour of Duty ass en Documentaire vum lëtzebuergesche Regisseur Fränk Grotz.

Tour of Duty
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 23. Oktober 2009
Dauer 85 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Englesch
Ekipp
Regie Fränk Grotz
Dréibuch Fränk Grotz
Fotografie Alex Aach
Musek Jim Brimeyer
Schnëtt Maxime Ozel
Produzent Bernard Michaux
Produktiouns-
gesellschaft
Lucil Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En huet den Ënnertitel Lëtzebuerger am Koreakrich an hat den 23. Oktober 2009 Première.

Ëm wat geet et am Film? änneren

De 25. Juni 1950 huet Nordkorea de Süden iwwerfall. Dat war den Ufank vum Koreakrich. D'Vereent Natiounen hunn deen Iwwerfall verurteelt an hir Memberen opgeruff, Südkorea militäresch ze ënnerstëtzen. 16 Länner hunn dat dunn och gemaach, dorënner Lëtzebuerg, dat zwee Contingente mat insgesamt 85 jonke Fräiwëllege geschéckt huet, deen éischten ënner der Leedung vum Joseph Wagener, deen zweeten ënner der Leedung vum Rodolphe Lutty. De Film begleet de 85-järege Joseph Wagener bal 60 méi spéit, wéi en op Besuch bei dräi vu senge fréier Komeroden a Kanada an an d'USA geet, déi dohinn ausgewandert sinn. Si erzielen, wéi eng wichteg Roll de Koreakrich an hirem Liewe gespillt huet.

Kritik änneren

Christiane Walerich, Woxx:[1]

Es verwundert, dass die Veteranen offenbar keine Kritik an den Staaten üben, die den Konflikt im fernen Korea verursachten – und damit letztlich auch für die Verfestigung des kalten Krieges mit all seinen Folgen verantwortlich waren. Am Ende des Films beurteilen die Veteranen ihren Einsatz vor allem positiv – und blenden etwa die zum Einsatz gekommenen Massenvernichtungswaffen und ihre Wirkungen komplett aus. [...] Zu bedauern ist, dass der Film von Grotz keine neuen Interpretationen bietet, wie sie der heutige Wissensstand erfordern würde, sondern einfach nur beobachtet. Und damit letztlich nicht mehr als eine ganz konventionelle Reportage ist – ohne jegliche Reibungspunkte.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  • Fiche um Site vun der Produktiounsgesellschaft Lucil Film (mat Trailer)
  • Fiche um Site vum CNA

Referenzen änneren

  1. woxx.lu : TOUR OF DUTY: Viel Nostalgie für sehr viel Krieg vum Christiane Walerich (23. Oktober 2009)