Busan

zweetgréisst Stad a Südkorea
(Virugeleet vu(n) Pusan)

Busan (kor. 부산|h=釜山, fréier Schreifweisen: Pusan; Fusan) ass mat ronn 3,5 Milliounen Awunner (Stand 2015) no der Haaptstad Seoul déi zweetgréisste Stad vu Südkorea a läit um südëstlechen Enn vun der Koreanescher Hallefinsel. Et ass eng vun de féirenden Industriestied vum Land.

Den Hafe vu Busan, Bléck no Süden

Am Koreakrich war Busan zesumme mat Daegu déi eenzeg wichteg Stad, déi ni vun den nordkoreaneschen Truppen besat gouf.

Geographie änneren

Den Numm Busan heescht sou vill wéi "Kesselbierg" a spillt drop un, datt ronderëm d'Stad eng Biergkette läit, bal wéi bei engem Amphitheater.

D'Stad läit un der Mündung vum Floss Nakdonggang an de Pazifik an huet duerch seng vill Buchten e gudden Naturhafen.

Eng 50 km méi südlech ass schonn déi éischt japanesch Insel.

Fotosalbum änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Busan – Biller, Videoen oder Audiodateien