Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs
D'Par Hesper–Réiser–Weiler Disciples d'Emmaüs ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]
Se gehéiert zum Dekanat Süden-Ost an ersetzt déi 9 fréier Paren Alzeng, Béiweng, Fenteng, Hesper, Houwald, Izeg, Réiser, Siren a Weiler zum Tuer.
D'Par läit um Gebitt vun de Gemengen Hesper, Réiser a Weiler zum Tuer.
Den Titel vun der Par ass Disciples d'Emmaüs.
Zanter dem 1. Juli 2021 ass d'Kierch vum Houwald d'Parkierch.