Par Iewescht Syr Saint-Esprit

D'Par Iewescht Syr Saint-Esprit ass eng vun den 33 kathoulesche Paren, déi de 7. Mee 2017 mat engem Dekreet vum Bistum Lëtzebuerg entstane sinn.[1]

Se gehéiert zum Dekanat Osten an ersetzt déi 7 fréier Pare Conter, Hueschtert, Mutfert, Nidderaanwen, Éiter, Sandweiler a Schëtter.

D'Par läit um Gebitt vun de Gemenge Conter, Nidderaanwen, Sandweiler a Schëtter.

Den Titel vun der Par ass le Saint-Esprit.

D'Parkierch gouf 2017 nach net festgeluecht. Zënter dem 1. November 2020 ass d'Kierch vu Schëtter d'Parkierch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. DECRET ARCHIEPISCOPAL portant sur la suppression des paroisses de Contern, Hostert, Moutfort, Niederanven, Oetrange, Sandweiler et Schuttrange et sur l'érection de la paroisse « Iewescht Syr Saint-Esprit »