Celsus vu Mailand

chrëschtleche Märtyrer
(Virugeleet vu(n) Hellegen Celsus)

Den Celsus vu Mailand, gestuerwen 304[1] zu Mailand, ass e legendäre chrëschtleche Märtyrer. Säi Fest gëtt den 28. Juli gefeiert. Hie war e Schüler vum hellegen Nazarius mat deem hien duerch d'Réimescht Räich gezunn ass fir de chrëschtleche Glawen ze verbreeden.

Déi zwéin Helleg gi vun Zaldoten ofgefouert

Wärend de Chrëschteverfollegungen ënner dem Keeser Diokletian goufen déi zwéin eng éischt Kéier agespaart, hunn et awer fäerdegbruecht fir fortzelafen. Déi zweet Kéier hate se manner Gléck a goufen allebéid am Joer 304 zu Mailand gekäppt.

Hie gëtt als Patréiner vun de Kanner an de Päerd veréiert.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Celsus vu Mailand – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. heiligenlexikon.de D'Informatiounen hei bezéie sech op den Heiligenlexikon an och op de Biographesch-Bibliographesche Kierchelexikon. Aner Quelle placéieren d'Geschicht an d'Éischt Joerhonnert, an doe se duerch den Nero ermuerden.