De Kepler-69 ass e sonnenänleche Stär mat der Spektralklass G am Stärebild Cygnus. Hie läit 2700 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Hie gëtt vun op d'mannst zwéin Exoplanéiten ëmkreest.

Kepler-69
Verglach vum Kepler-69-System mat eisem Sonnesystem
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h 33m 02.62s
Deklinatioun + 44° 52' 08.0"
Visuell Magnitude 13,7 mag
Spektralklass: G
Astrometrie
Distanz a Liichtjoer zirka 2700
Radialvitess: ? km/s
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,81 ± 0,09 M☉
Radius: 0,93 ± 0,16
Metallizitéit [Fe/H]: -0,29 ± 0,15
Uewerflächentemperatur 5638 ± 168
Aner Bezeechnungen
KIC 8692861
KOI 172

Planéitesystem

änneren

Fuerscher, déi mam Kepler-Weltraumteleskop schaffen, hunn de 17. Abrëll 2013 bekanntginn, datt de Stär vun zwéi Planéiten ëmkreest gëtt. Den Teleskop konnt dobäi déi reduzéiert Hellegkeet vum Stär moossen, wann d'Planéite vun der Äerd aus gesi virun hirem Stär laanschtzéien. D'Mass vun de Planéite konnt nach net bestëmmt ginn.

Dee baussenzege Planéit, Kepler-69c, kéint äerdänlech sinn a Gestengs wéi och flëssegt Waasser op senger Uewerfläch hunn.

Planéit Mass
(an Äerdmassen)
Radius
(an Äerdradien)
Dicht
(g/cm3)
Ëmlaf
zäit

(Deeg)
Grouss
Hallefachs

(AE)
Bunnschréi
(Grad)
b ? 2,24 ± 0,40 ? 13,7223 0,094 ± 0,020 89,62 ± 0,40
c ? 1,71 ± 0,30 ? 242,461 0,64 ± 0,13 89,85 ± 0,06

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie