Sonnenänleche Stär
E sonnenänleche Stär ass e Stär, dee wéinst senger Gréisst, Liichtkraaft, Spektralklass oder jee no Kontext a weidere Parameteren der Sonn gläicht. De Begrëff gëtt an der englescher Fachsprooch méi prezis mat den dräi Attributer: solar-type, solar analog a solar twin ausgedréckt, woubäi déi an där Reiefolleg opgezielt Stäreparametere par Rapport zur Sonn vu vir no hanne méi no leien. D'Observatioun vu sou Stären ass fir d'Versteesdemech vun de Sonneneegeschaften am Verglach zu anere Stären (an ëmgekéiert) wichteg, speziell fir Parameteren déi bei der Sonn iwwer Moossmethoden zougänglech sinn, an déi bei anere Stären net méiglech sinn.
Solar-type stars
ännerenSolar-type stars sinn Haaptreiestäre mat engem B-V-Farbindex tëscht 0,48 an 0,80 (Sonn: 0,65).
Sou Stären hunn normalerweis eng héich Korrelatioun a Funktioun vun hirer Rotatiounsdauer, der Aktivitéit vun hirer Chromosphär (z. B. H- a K-Emissiounslinne vum Calcium), an der koronarer Aktivitéit (z. B. am Röntgenberäich). Well sou Stäre wärend der Zäit wou se zur Haaptrei gehéieren, enger Ofbremsung vun hirer Rotatioun ënnerleien, léisst sech aus de genannte Parameteren hiren Alter schätzen. De Mamajek an den Hillenbrand (2008) hunn op déi Aart a Weis den Alter fir 108 Haaptreiestären am Spektralklasseberäich F8V–K2V an engem Distanzberäich vun 16 pc op Basis vun hirer Chromosphären-Aktivitéit (H- a K-Emissiounslinne vum Kalzium) ofgeschat.
An der Tabell sinn d'Ofwäichunge vun de fir déi follgend Lëscht notéiert Krittäre faarweg gezeechent.
Stär | Koordinaten | Distanz LJ |
Klass | Temperatur K |
Metallizitéit dex | |
---|---|---|---|---|---|---|
Rektaszensioun | Deklinatioun | |||||
Tau Ceti | 01h 44m 04,1s | −15° 56' 15" | 11,9 | G8V | 5344 | −0,52 |
40 Eridani A | 04h 15m 16,3s | −07° 39' 10" | 16,5 | K1V | 5126 | −0,31 |
82 Eridani | 03h 19m 55,7s | −43° 04' 11,2" | 19,8 | G8V | 5338 | −0,54 |
Delta Pavonis | 20h 08m 43,6s | −66° 10' 55" | 19,9 | G8IV | 5604 | +0,33 |
HR 7722 | 20h 15m 17,4s | −27° 01' 59" | 28,8 | K0V | 5166 | −0,04 |
Gliese 86 A | 02h 10m 25,9s | −50° 49' 25" | 35,2 | K1V | 5163 | −0,24 |
54 Piscium | 00h 39m 21,8s | 02" | 36,1 | K0V | 5129 | +0,19 |
V538 Aurigae | 05h 41m 20,3s | +53° 28' 51,8" | 39,9 | K1V | 3500–5000 | −0,20 |
HD 14412 | 02h 18m 58,5s | −25° 56' 45" | 41,3 | G5V | 5432 | −0,46 |
HR 4587 | 12h 00m 44,3s | −10° 26' 45,7" | 42,1 | G8IV | 5538 | 0,18 |
HD 172051 | 18h 38m 53,4s | −21° 03' 07" | 42,7 | G5V | 5610 | −0,32 |
72 Herculis | 17h 20m 39,6s | +32° 28' 04" | 46,9 | G0V | 5662 | −0,37 |
HD 196761 | 20h 40m 11,8s | −23° 46' 26" | 46,9 | G8V | 5415 | −0,31 |
Ny² Lupi | 15h 21m 48,1s | −48° 19' 03" | 47,5 | G4V | 5664 | −0,34 |
Solar analog stars
ännerenDéi Stären déi hei opgelëscht sinn, gläiche photometresch eiser Sonn an entsprieche follgende Krittären:
- Uewerflächentemperatur wéi d'Sonn ± 500 K, d. h. ongeféier 5200–6300 K.
- Metallizitéit 50–200 % (± 0,3 dex) am Verglach zu eiser Sonn, d. h. fir eng protoplanetar Scheif kann eng vergläichbar Gréisst vu Stëbs fir d'Bildung vu Planéite wéi bei der Sonn ugeholl ginn.
- Et si keng no stellar Begleeder (Ëmlafzäit 10 Deeg oder manner) bekannt. Sou Begleeder géife méi eng grouss stellar Aktivitéit bewierken.
An der Tabell sti Stären am Distanzberäich vu 50 Liichtjoer, déi net an der Tabell vun de Solar twins opgezielt sinn:
Stär | Koordinaten | Distanz LJ |
Klass | Temperatur K |
Metallizitéit dex | |
---|---|---|---|---|---|---|
Rektaszensioun | Deklinatioun | |||||
Alpha Centauri A | 14h 39m 36,5s | −60° 50' 02" | 4,37 | G2V | 5847 | +0,24 |
Alpha Centauri B | 35,0s | −60° 50' 14" | 4,37 | K1V | 5316 | +0,25 |
70 Ophiuchi A | 18h 05m 27,3s | +02° 30' 00" | 16,6 | K0V | 5314 | −0,02 |
Sigma Draconis | 19h 32m 21,6s | +69° 39' 40" | 18,8 | K0V | 5297 | −0,20 |
Eta Cassiopeiae A | 00h 49m 06,3s | +57° 48' 55" | 19,4 | G0V | 5941 | −0,17 |
107 Piscium | 42m 29,8s | +20° 16' 07" | 24,4 | K1V | 5242 | −0,04 |
Beta Canum Venaticorum | 12h 33m 44,5s | +41° 21' 27" | 27,4 | G0V | 5930 | −0,30 |
61 Virginis | 13h 18m 24,3s | −18° 18' 40" | 27,8 | G5V | 5558 | −0,02 |
Zeta Tucanae | 00h 20m 04,3s | −64° 52' 29" | 28,0 | F9,5V | 5956 | −0,14 |
Chi¹ Orionis A | 05h 54m 23,0s | +20° 16' 34" | 28,3 | G0V | 5902 | −0,16 |
Beta Comae Berenices | 13h 11m 52,4s | +27° 52' 41" | 29,8 | G0V | 5970 | −0,06 |
HR 4523 A | 11h 46m31,1s | −40° 30' 01" | 30,1 | G5V | 5629 | −0,29 |
61 Ursae Majoris | 11h 41m 03,0s | +34° 12' 06" | 31,1 | G8V | 5483 | −0,12 |
HR 4458 A | 11h 34m 29,5s | −32° 49' 53" | 31,1 | K0V | 5629 | −0,29 |
HR 511 | 01h 47m 44,8s | +63° 51' 09" | 32,8 | K0V | 5333 | +0,05 |
Alpha Mensae | 06h 10m 14,5s | −74° 45' 11" | 33,1 | G5V | 5594 | +0,10 |
Zeta1 Reticuli | 03h 17m 46,2s | −62° 34' 31" | 39,5 | G3–5V | 5733 | −0,22 |
Zeta2 Reticuli | 03h 18m 12,8s | −62° 30' 23" | 39,5 | G2V | 5843 | −0,23 |
55 Cancri | 08h52m 35,81s | +28° 19' 51" | 40,3 | G8V | 5235 | +0,25 |
HD 69830 | 08h 18m 23,9s | −12° 37' 56" | 40,6 | K0V | 5410 | −0,03 |
HD 10307 | 01h 41m 47,1s | +42° 36 ' 48" | 41,2 | G1.5V | 5848 | −0,05 |
HD 147513 | 16h 24m 01,3s | −39° 11' 35" | 42,0 | G1V | 5858 | +0,03 |
58 Eridani | 04h 47m 36,3s | −16° 56'04" | 43,3 | G3V | 5868 | +0,02 |
Ypsilon Andromedae A | 01h 36m 47,8s | +41° 24' 20" | 44,0 | F8V | 6212 | +0,13 |
HD 211415 A | 22h 18m 15,6s | −53° 37' 37" | 44,4 | G1–3V | 5890 | −0,17 |
47 Ursae Majoris | 10h 59m 28,0s | +40° 25' 49" | 45,9 | G1V | 5954 | +0,06 |
Alpha Fornacis A | 03h 12m 04,3s | −28° 59' 21" | 46,0 | F8IV | 6275 | −0,19 |
Psi Serpentis A | 15h 44m 01,8}} | +02° 30' 55" | 47,9 | G5V | 5636 | −0,03 |
HD 84117 | 09h 42m 14,4s | −23° 54' 56" | 48,5 | F8V | 6167 | −0,03 |
HD 4391 | 00h 45m 45,6}} | −47° 33' 07" | 48,6 | G3V | 5878 | −0,03 |
20 Leonis Minoris | 10h 01m 00,7s | +31° 55' 25" | 49,1 | G3 V | 5741 | +0,20 |
Ny Phoenicis | 01h 15{{m]] 11,1s | −45° 31' 54" | 49,3 | F8V | 6140 | +0,18 |
51 Pegasi | 22h 57m 28,0s | +20° 46' 08" | 50,9 | G2,5IVa | 5804 | +0,20 |
Solar twins
ännerenDéi follgend opgelëscht Stären entsprieche ganz oder haaptsächlech follgenden enkgefaasste Krittären (Ofwäichunge sinn an der Tabell faarweg gezeechent):
- Uewerflächentemperatur wéi d'Sonn ± 50 K, d. h. zirka 5720–5830 K.
- Metallizitéit 89 bis 112 % (± 0,053 dex) am Verglach zu der Sonn, d. h. fir eng protoplanetar Scheif kann eng änlech Gréisst vu Stëbs fir d'Bildung vu Planéite wéi bei der Sonn ugeholl ginn.
- De Stär gehéiert net zu engem Méifachstäresystem.
- De Stärenalter entsprécht deem vun der Sonn ± 1 Milliard Joer, d. h. ongeféier 3,5–5,6 × 109 Joer.
Stär | Koordinaten | Distanz LJ |
Klass | Temperatur K |
Metallizitéit dex |
Alter in 109 J. | |
---|---|---|---|---|---|---|---|
Rektaszensioun | Deklinatioun | ||||||
Sonn | — | — | 0,00 | G2V | 5778 | +0,00 | 4,6 |
18 Scorpii | 16h 15m 37,3s | −08° 22' 06" | 45.1 | G2Va | 5835 | +0,04 | 4,2 |
HD 44594 | 06h 20m 06,1s | −48° 44' 29" | 84 | G3V | 5840 | +0,15 | 4,1 |
HD 195034 | 20h 28m 11,8s | +22° 07' 44" | 92 | G5 | 5760 | −0,04 | 5,1 |
HD 138573 | 15h 32m 43,7s | +10° 58' 06" | 101 | G5IV–V | 5710 | −0,03 | 7,8 |
HD 142093 | 15h 52m 00,6s | +15° 14' 09" | 103 | G2V | 5841 | −0,15 | 5,0 |
HD 98618 | 11h 21m 29,1s | +58° 29' 04" | 126 | G5V | 5851 | +0,03 | 4,7 |
HD 143436 | 16h 00m 18,8s | +00° 08' 13" | 141 | G0 | 5768 | +0,00 | 3,8 |
HD 129357 | 14h 41m 22,4s | +29° 03' 32" | 154 | G2V | 5749 | −0,02 | 8,2 |
HD 133600 | 15h 05m 13,2s | +06° 17' 24" | 171 | G0 | 5808 | +0,02 | 6,3 |
HD 101364 | 11h 40m 28,5s | +69° 00' 31" | 217 | G5V | 5783 | +0,01 | 5,4 |
Sonnenänlechkeet
ännerenD'Sonnenänlechkeet vun engem Stär gëtt geleeëntlech och doduerch beschriwwen datt e vun engem Planéit, deen der Äerd gläicht, an der habitabler Zon ëmkreest ka ginn. Dofir gi follgend Parameter beuecht:
- De Stär ass en op d'mannst 3 Milliarden alen Haaptreiestär. Dat entsprécht enger ieweschter Grenz fir d'Mass vun zirka 1,5 Sonnemassen, entspriechend enger Spektralklass F5V. Sou Stäre kënnen um Enn vun hirer Haaptreienexistenz eng absolut Hellegkeet vu bis zu 2,5M erreechen (8,55-fach Sonnenhellegkeet).
- De Stär ass kee verännerleche Stär. Idealerweis gëtt eng Variabilitéit vu manner wéi 1 % virausgesat, praktesch ass eng Grenz vun 3 % entspriechend der Genauegkeet vun de benotzbaren Daten. A Méifachstäresystemer mat enger héich exzentrescher Ëmlafbunn vun engem Begleetstär ass och déi doduerch bedéngt verännerlech Stralungsintensitéit an der habitabler Zon ze beuechten.
- Déi habitabel Zon muss dynamesch stabil sinn. Fir äerdänlech Planéiten a Méifachstäresystemer mat dräi oder méi Stären ass d'Warscheinlechkeet kleng, datt hir Ëmlafbunne laangfristeg stabil sinn (wärend bei Duebelsystemer Ëmlafbunnen ëm ee Partner (S-Typ) oder awer ëm eng enk Stärekoppel ganz (P-Typ) stabil ka sinn). Och exzentresch Jupitere kënnen d'Ëmlafbunne vu Planéiten an der habitabeler Zon veränneren.
E Beispill fir sou e Stär ass den HD 70642.