Kepler Input Catalog

astronomesche Katalog

De Kepler Input Catalog (KIC) ass en astronomesche Katalog mat gesammelten Date vum Kepler-Weltraumteleskop.

D'Gebitt dat vum Teleskop erfaasst an am Katalog notéiert gouf

D'Aufgab vum Kepler-Weltraumteleskop war fir am Kader vun enger intensiver Duerchmusterung vun engem bestëmmte Beräich um Stärenhimmel, extrasolar Planéiten ze sichen. De Katalog ass also voll mat Date vu sou Objete gefëllt. Den duerchmusterte Beräich erstreckt sech iwwer eng Rektaszensioun vun zirka 18h:30m bis 20h 10m mat enger Deklinatioun vun zirka 37° bis 52° Nord. Dee Beräich läit am Stärebild Cygnus. Bei den Daten handelt et sech ë. a. ëm follgend Detailer:

  • Positioun (Rektaszensioun n Deklinatioun (J2000))
  • Eegebeweegung
  • Trigonometresch Parallax
  • D'Magnituden a bis zu eelef verschiddene Frequenzbänner, dorënner déi dräi vun der 2MASS-Duerchmusterung.
  • Querhiweiser zu anere Kataloge.
  • Eng Angab, ob et eng Galaxie oder e Stär ass.

Bei Stären déi berechent / ugehollen Daten iwwer

  • d'Temperatur
  • d'Unzéiungskraaft
  • d'Metallizitéit
  • de B-V-Faarfindex
  • d'Absorbtioun am visuellen Deelspektrum.
  • de Radius

Et goufen Objete bis zu der 21. Klass (21 mag) erfaasst, awer net all Objeten déi méi hell si wéi 21,0 vun der ausgesichter Regioun sinn am Katalog.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Kuckt och änneren