De Kepler-452 ass e Gielen Zwerg am Stärebild Cygnus. Hie läit op enger Distanz vun ongeféier 1400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet eng Temperatur, déi där vun eiser Sonn gläicht. De Stär ass awer ëm 20 % méi hell an huet een ëm 10 % méi grousse Radius. Seng Spektralklass (G2) ass déi selwecht wéi déi vun eiser Sonn.

Kepler-452
Verglach vun de Systemer Kepler-452 a Kepler-186 mam bannenzege Sonnesystem.
Numm Kepler-452
Stärebild: Cygnus (Cyg)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 19h44m00,883s
Deklinatioun + 44° 16' 39,22"
visuell Magnitude 13,426 mag
Spektralklass: G2
Astrometrie
Radialvitess: ? km/s
Parallax: (18,71 ± 1,26)
Distanz 1400 Lj.
Alter 6 ± 2 Milliarde
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 1,037+0,054−0,047
Radius: 1,11+0,09−0,15
Metallizitéit: 0,21 ± 0,09
Uewerflächentemperatur 5757 ± 85 K
Aner Bezeechnungen
Kepler Kepler-452
KIC KIC 8311864
KOI KOI-7016
2MASS J19440088+4416392
WISE J194400.89+441639.2

Déi bis elo séierst Raumsonden Helios 1 an 2 géife knapps sechs Millioune Joer brauchen, fir d'Distanz tëscht eisem Sonnesystem an dem Kepler-452 zeréckzeleeën.

Planéitesystem änneren

Duerch Observatioune vum Weltraumteleskop Kepler gouf den 23. Juli 2015 d'Entdeckung vun engem Exoplanéit ëm de Kepler-452 bekanntgemaach, deen d'Bezeechnung Kepler-452b krut. De Planéit huet ongeféier den 1,6-fachen Duerchmiesser vun eiser Äerd. Hie kreest ëm säin Zentralstär an enger habitabler Zon bannen 385 Äerddeeg. Méiglecherweis handelt et sech beim Kepler-452b ëm e Gestengsplanéit, op deem flëssegt Waasser kéint sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Kepler-452b – Biller, Videoen oder Audiodateien