D'Helios-Raumsonde waren e Kollektivprojet fir d'Erfuerschung vun der Sonn vun Däitschland an de USA. Et goufen zwou Raumsonde gestart, déi éischt Enn 1974 an déi zweet Ufank 1976.

Helios
D'Heliossond bei engem Test
Typ Sonnesond
Land  USA, Däitschland
Agentur NASA, DFVLR
COSPAR-Bezeechnung A: 1974-097A
B: 1976-003A
Startmass 370 kg
Start A: 10. Dezember 1974, 07:11
B: 15. Januar 1976, 05:34
Startplaz Cape Canaveral AFS Launch Complex 41
Drorakéit Titan-IIIE-Centaur
Enn 1992
D'Notzlaaschtverkleedung gëtt op e Prototyp vun der Helios-Raumsond gesat.
D'Titan-3E-Centaur-Drorakéit mat der Helios-1-Raumsond (CCAFS, 1974)

Missioun änneren

Am Joer 1966 haten de Bundeskanzler Ludwig Erhard an den US-President Lyndon B. Johnson eng Zesummenaarbecht a Form vun enger grousser Planéitemissioun ofgemaach. Wéi eng Aart Missioun dat sollt ginn, sollt vun de Raumfaartagenturen DFVLR an der NASA festgeluecht ginn. Den 10. Juni 1969 gouf de Kontrakt iwwer d'Missioun formell ratifizéiert. Et gouf decidéiert, eng Sondekoppel ze bauen, déi de Raum tëscht Sonn an Äerd méi genee ënnersiche soll an dobäi méi no bei d'Sonn komme soll wéi all aner Sond virdrun.

Am Kollektivprojet war Däitschland mat ronn 70 % an d'USA mat ronn 30 % bedeelegt. Däitschland huet d'Sonde gebaut an d'USA hunn d'Drorakéite gestallt, souwéi d'Ënnerstëtzung mam Deep Space Network gemaach. Déi béid Sonde goufen nom griichesche Sonnegott Helios genannt.

Verlaf änneren

 
D'Ëmlafbunne vun Helios 1 an Helios 2
  • D'Helios 1 war ënner sengem Projetnumm Helios A den 10. Dezember 1974 op enger Titan-IIIE-Centaur-Rakéit vum Launch Complex 41 op Cape Canaveral gestart. D'Sond hat eng Sonnenëmlafbunn mat enger minimaler Sonnendistanz vu 46,5 Millioune Kilometer erreecht, wat ongeféier der Distanz vum Planéit Merkur zu der Sonn entsprécht. De sonnewäitste Punkt vum Helios 1 war ongeféier d'Distanz Äerd - Sonn. De Kontakt mat der Helios 1 goung de 16. Mäerz 1986 verluer.
  • D'Helios 2 war de 15. Januar 1976 ënner dem Numm Helios B och op enger Titan-Centaur-Rakéit vun der selwechter Ramp gestart. Si koum bis op 43,5 Millioune Kilometer (0,29 AE) un d'Sonn erun. D'Missioun vun der Helios 2 war am Dezember 1981 um Enn.

Opbau vun de Sonden änneren

D'Helios 1 an 2 (oder Helios A a B) haten d'Form vun enger iwwerdimensionaler Zwirbobine. Déi maximal Breet war 2,77 m, déi minimal 1,75 m. D'Héicht war fir de Sondekierper 2,12 m a mat ausgefuerenem Antennemast 4,23 m. Hanner dem ënneschten Deel vum Mast war de rechteckege Reflekter. Do driwwer war um Mast eng Niddergewënnantenn an an der Mastspëtzt eng Dipolantenn. D'Startgewiicht war 371 respektiv 374 kg. Déi gréisst Erausfuerderung bestoung an der Reegelung vun der Temperatur. 50 % vun der Uewerfläch ware mat Reflekteren iwwerzunn, déi d'Sonnenastralung zeréckgeworf hunn, zousätzlech ware leeschtungsfäeg Radiateuren op béide Säiten festgemaach. Donieft huet d'Form d'Astraalung miniméiert an d'Sonde ware gutt isoliert. Duerch déi séier Rotatioun vun enger Ëmdréiung pro Sekonn gouf d'Uewerfläch nëmme kuerz der Sonn ausgesat an d'Hëtzt gläichméisseg verdeelt.

Nodeem d'Helios 1, trotz enger minimaler Distanz vu 46,2 Millione km vun der Sonn, u Bord méi niddreg Temperaturen hat wéi geplangt, gouf d'Schwëstersond Helios 2 op eng nach méi no Sonnebunn versat, bei där si bis op 43,4 Millioune km un d'Sonn erukoum.

D'Experimenter hunn dräi Froe betraff:

Informatiounen änneren

  • Helios 1 war déi éischt Raumsond, déi net aus der UdSSR oder den USA koum.
  • Mat Helios 1 gouf fir d'éischt erfollegräich d'Titan-Centaur-Rakéit agesat.
  • Déi zwou Helios-Sonde hu jee ronn 370 kg gewien an haten 10 wëssenschaftlech Experimenter u Bord.
  • D'Sonde ware fir eng Liewensdauer vun 18 Méint gebaut. Si hunn awer iwwer 11 Joer (Helios 1) respektiv 6 Joer (Helios 2) gehalen.
  • D'Sonden hu stänneg ëm d'Zylinder-Achs rotéiert, fir datt am Kär eng Temperatur vun 20 °C gehale konnt ginn. De baussenzege Mantel huet sech bis 300 °C opgehëtzt.
  • Den Helios-Programm huet zirka 260 Milliounen US-Dollar kascht.
  • Ee Reserveexemplar steet am Däitsche Museum München als Exponat.
  • Mat 252.792 km/h (70,22 km/s) relativ zu der Sonn, halen Helios 1 an 2 de Vitessrekord fir Raumsonden.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Niklas Reinke: Geschichte der deutschen Raumfahrtpolitik. Konzepte, Einflussfaktoren und Interdependenzen: 1923-2002. München 2004, ISBN 3-486-56842-6

Um Spaweck änneren

Commons: Helios – Biller, Videoen oder Audiodateien